Doudesstrof: Ëmbrenge vun engem Mënsch op enger gesetzlecher Basis
D'Doudesstrof ass d'Ëmbrenge vun engem Mënsch op enger gesetzlecher Basis, als Strof fir e Verbriechen, fir dat hie schëlleg gesprach gouf.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
An der Reegel geschitt dat opgrond vun engem Urteel, dat duerch d'Hiriichtung vum Schëllege vollstreckt gëtt.
Zanter Joerdausende gi besonnesch schwéier Verbriechen duerch d'Hiriichte vun de Schëllege bestrooft. Eréischt zanter dem Zäitalter vun der Opklärung an Europa hunn d'Humanisten d'Recht vun den Autoritéiten, fir Mënschen hinzeriichten, ëmmer méi a Fro gestallt. Ee vun de bekanntsten humanisteschen a politesche Plaidoyeren ass sécherlech de Roman "Le dernier jour d'un condamné" vum Victor Hugo.
Zanter dem 18. Joerhonnert hu verschidde Staaten op d'Doudesstrof verzicht. Opgrond vun den Experienzen an de Weltkricher, besonnesch awer zanter de Joren 1970 bis 1990, hunn ëmmer méi Staaten d'Doudesstrof ofgeschaaft oder net méi ausgeféiert.
Haut ass d'Doudesstrof am Strofrecht international ëmstridden. Si wërft vill eeethesch, rechtlech a praktesch Froen op, virun allem déi vun hirer Kompatibilitéit mat de Mënschenrechter. Vill ONGen triede fir eng weltwäit Ofschafung, oder Net-Uwennung vun der Doudesstrof an. Als Schrëtt an déi Richtung fuerdert d'Vollversammlung vun de Vereenten Natiounen e weltwäite Moratorium fir Hiriichtungen.
D'Doudesstrof an der Welt (Stand 2017)
An 104 Länner ass d'Doudesstrof ganz ofgeschaaft. An Däitschland war déi lescht Hiriichtung 1949, an der DDR 1981 durch Erschéissen, an a Frankräich 1977 duerch d'Guillotine.
An 8 Länner gëtt d'Doudesstrof nëmme bei schwéire Verbriechen oder am Krichsfall applizéiert z. B. a Brasilien an Israel; a Groussbritannie besteet dës Reegel nach, gëtt awer net méi applizéiert.
An 28 Länner ass d'Doudesstrof generell erlaabt, gëtt awer net praktizéiert.
1996 goufe 4.272 Mënschen an 39 Länner higeriicht. A China eleng waren et der 3.500, mat direkt hannendrun der Ukrain, Russland an dem Iran. E bekannt Beispill ass d'USA, wou am Joer 1997 am Ganze 74 Mënschen higeriicht goufen. (Ref: Amnesty International)
2012 war bal en Déifstand (deen awer net laang gehalen huet a wéinst feelenden Zuelen aus China och net vill ze soen huet) mat 682 Hiriichtungen an 21 Länner, ugefouert weiderhi vu China, an hannendrun Iran, Irak, Saudiarabien, USA a Jemen.
D'Doudesstrof zu Lëtzebuerg
Zu Lëtzebuerg gouf d'Doudesstrof fir d'lescht de 24. Februar 1949 ausgeféiert. 1979 ass se per Gesetz ofgeschaaft ginn, an 1999 gouf an der Verfassung festgehalen, datt se net méi agefouert ka ginn.
Albert Camus: Die Guillotine. Betrachtungen zur Todesstrafe. In: Fragen der Zeit. Rowohlt, Reinbek 1997, ISBN 3-499-22195-0
Robert Badinter: L'abolition. Fayard, Paris 2000
Arthur Koestler, Albert Camus, E. Müller-Meinigen, Jr. Und F. Nowakowski: Die Rache ist mein. Theorie und Praxis der Todesstrafe. Ernst Battenberg Verlag, Stuttgart 1961
Hans J. Pieper (Hrsg.): Hat er aber gemordet, so muss er sterben. Klassiker der Philosophie zur Todesstrafe. Dr. Günter Seubold, Alfter 2003. ISBN 3-935404-11-5
Frank Müller: Streitfall Todesstrafe. Patmos, Düsseldorf 1998. ISBN 3-491-72380-9
Dieter Reicher: Staat, Schafott und Schuldgefühl. Was Staatsaufbau und Todesstrafe miteinander zu tun haben. Leske+Budrich, Opladen 2003, ISBN 3-8100-3831-8
Geschicht
Richard J. Evans: Rituale der Vergeltung. Die Todesstrafe in der deutschen Geschichte 1532–1987. Kindler-Verlag, Berlin 2001. ISBN 3-463-40400-1
Karl Bruno Leder: Todesstrafe. Ursprung, Geschichte, Opfer. Meyster, Wien 1980. ISBN 3-7057-2009-0
Ingo Müller: Furchtbare Juristen. Die unbewältigte Vergangenheit unserer Justiz, Droemer Knaur, München 1989. ISBN 3-426-03960-5
Friedrich Küppersbusch, Oliver Becker: Lebenslänglich Todesstrafe. Konkret, Hamburg 2002, ISBN 3-89458-187-5
Statistik
Michael Kahr: Todesstrafe 2004. Jahrbuch. Kahr Media, Fürstenfeldbruck 2004. ISBN 3-935678-04-5
Literatur
Hugo, Victor, 2001. Le dernier jour d'un condamné. Claude Gueux. L'Affaire Tapner. Préface de Robert Badinter. Édition de Guy Rosa. Le livre de poche.
Hugo, Victor, 2002. Écrits sur la peine de mort. Lecture de Raymond Jean. 2° éd., 294 pp. Actes Sud, Arles.
Hugo, Victor, 2005. Der letzte Tag eines Verurteilten. Anakonda, Köln. ISBN 3-938484-52-7. (Franz. Erstausg. bei C. Gosselin, Paris 1829)
Aktualitéit
Christan Boulanger (Hrsg.): Zur Aktualität der Todesstrafe, interdisziplinäre und globale Perspektiven. Berlin-Verlag, Berlin 2002 (2.Aufl.). ISBN 3-8305-0277-X
Silke Porath: Auge um Auge – Todesstrafe heute. Gipfelbuch-Verlag, 2006, ISBN 3-937591-31-1
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Doudesstrof, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses. ®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.