Haushong

D'Haushong (Gallus gallus domesticus) ass eng Zuuchtform vum Bankivahong, engem Wëllhong aus Südostasien, a gehéiert zu der Famill Phasianidae.

Landwirtschaftlech gi se zum Gefligel gezielt.

Gallus gallus domesticus
Haushénger (Gallus gallus domesticus)

Haushénger (Gallus gallus domesticus)
Haushénger (Gallus gallus domesticus)
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Vullen
Uerdnung: Héngervullen
Famill: Phasianidae
Gattung: Gallus
Aart: Bankivahong
Wëssenschaftlechen Numm
Gallus gallus domesticus
Linnaeus 1758

Nimm

D'männlecht Haushong nennt een Hunn, de kastréierten Hunn Chapon. D'Weibchen heescht Hong oder Hung, wa Jonker dobäi sinn, Kluck. Déi jonk Hénger heeschen allgemeng Jippelcher oder Hénkelen. E jonkt erwuessent Hong ass eng Pëll. Gëtt de jonken Hunn an der Kiche verschafft, gëtt e Poulet genannt.

Ausgesinn

D'Haushong weit tëscht 1,5 bis 5 kg jee no Rass. Gewéinlech ass den Hunn 1 kg méi schwéier wéi d'Hong. Et gëtt do donieft och Zwergrassen, déi tëscht 500 an 1200 Gramm weien. Typesch fir Hénger ass di rout Kräid oder de roude Kamp, dee beim Hunn méi grouss ass wéi beim Hong. Den Hunn huet och e méi laange, séchelfërmege Schwanz.

Comportement

Den Hunn "kréit" (mat der Onomatopee "Kikeriki" erëmginn), d'Hénger "gackeren" (vereelzt ë. a. och nach: "gaaksen, "gaken", "kakelen", "käcksen").

Den natierleche Kascht vun Hénger si Kären, Gras an änlech Planzen, Wierm, Schleeken, Insekten an aner Klengdéiere bis zur Gréisst vu Mais.

Haushénger kënnen am Joer zirka 250 bis 300 Eeër leeën, wann hinnen dat frësch geluecht Ee ewechgeholl gëtt.

Haushong 
E Jippelchen, frësch aus dem Ee

Héngerzuucht

Schanken, déi a China fonnt goufen, deiten doropshin, datt schonn an der Neisteenzäit (6. Joerdausend v. Chr.) d'Hénger domestizéiert waren. A Mëtteleuropa sinn déi eelst archeologesch Hiweiser op Héngerhaltung aus der fréier Eisenzäit (Hallstattkultur).

Geschat gi se wéinst den Eeër déi se leeën a wéinst hirem Fleesch. Hénger déi wéinst der Zuucht e méi en Héicht Alter krute kënnen nach als Zoppenhénger oder als Paschtéitefleesch verschafft ginn.

Literatur

  • Norbert Benecke: Der Mensch und seine Haustiere. Die Geschichte einer jahrtausendealten Beziehung. Stuttgart, 1994. ISBN 3-8062-1105-1
  • B. & L. Peitz: Hühner halten. Stuttgart, 1998. ISBN 3-8001-7381-6
  • F. E. Zeuner: Geschichte der Haustiere. München, 1967. ISBN B0000BUB5T

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Haushénger – Biller, Videoen oder Audiodateien

Tags:

Haushong NimmHaushong AusgesinnHaushong ComportementHaushong HéngerzuuchtHaushong LiteraturHaushong Kuckt ochHaushong Um SpaweckHaushong

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

Tun TonnarBasiliscus plumifronsKoordinéiert WeltzäitISBNArmenienGréiwelsZesummen - d'BréckRenert oder de Fuuss am Frack an a MaansgréisstStille dage i ClichyLëscht vun de Lëtzebuerger GemengenHaaptsäit/WDSLuxtram-Linn T1Juscelino KubitschekJéineschSystematik (Biologie)Léa LinsterCécile PapierHaaptsäitRusslandAmerika (Kontinent)Bemierkenswäert Beem zu LëtzebuergFurio CardoniLéiffrächenComputerspillQuittMelickshaffSarah SchreiberWaldbëlleger AffärDonald Trump10Steve ThullDäitschlandChrëschtentumJules WernerCetonia aurataEsch-UelzechtNationalstrooss 50DBatty WeberSchëld F, 16.jpgLiberté - Fräiheet!CFL 2100AmsterdamGrenadaSchëld F, 19aHaushongBotanikLex DellesPierre DillenburgNorbert SinnerFrancis of Delirium31. MäerzJean NicolasParc municipal (Stad Lëtzebuerg)Europa (Kontinent)Lëscht vun de Lëtzebuerger Buergen a SchlässerHaaptsäit/Artikel vun der WochNassau-WeilburgScott McKenzieRené EngelmannLëtzebuerg (Stad)Nico ReisdorffDrottnarSchëld F, 12Haaptsäit/WDS-ArchivFrank HippertLëtzebuerg am Zweete WeltkrichRtl.luFamill (Biologie)🡆 More