Istanbul (tierkesch İstanbul), dat aalt Konstantinopel, ass déi gréisst Stad an der Tierkei a gouf ënner dem Numm Byzantion gegrënnt.
Dëse Geographiesartikel iwwer d'Tierkei ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Istanbul | |
---|---|
Basisdaten | |
Provënz: | Istanbul |
Geographesch Lag: | 41° 00’ 36’’ N 28° 57’ 37’’ O |
Héicht: | 40 m |
Fläch: | 1.538,77 km² |
Awunner: | 9.797.536 (2005) |
Bevëlkerungsdicht: | 6.367 Awunner/km² |
Telefonvirwalen: | 0212 (europäeschen Deel) 0216 (asiateschen Deel) |
Autos-Kennzeechen: | 34 |
Stadglidderung: | 39 Bezierker |
Offiziell Websäit: | www.ibb.gov.tr |
E-Mail-Adress: | [email protected] |
Politik | |
Buergermeeschter | Ekrem İmamoğlu |
Déi eigentlech Stad huet 9.797.536 Awunner, an der ganzer Agglomeratioun liewen 11.588.545 Mënschen (Stand jeeweils op den 1. Januar 2005).
Si läit souwuel op der europäescher wéi och op der asiatescher Säit un den Uwänner vum Bosporus an ass dofir déi eenzeg Metropol, déi sech iwwer zwéi Kontinenter erstreckt. Mat hirer bal dräidausendjäreger Geschicht ass s'eng vun den eelste Stied, déi haut nach op der Welt bestinn. Istanbul ass de Kultur- a Wirtschaftszentrum vun der Tierkei. Traditiounsgeméiss ass Istanbul de Sëtz vum Patriarch vu Konstantinopel, deen als Chef vun der ganzer Orthodoxie unerkannt ass. D'Stad ass Sëtz vum Äerzbëschof vun der tierkesch-orthodoxer Reliounsgemeinschaft, vum armeeneschen Äerzbëschof a vum tierkeschen Oberrabbiner.
D'Stad Istanbul ass an 39 Staddeeler agedeelt: 25 op europäeschem Buedem, a 14 op asiateschem Buedem. Deemno ass Istanbul déi eenzeg Stad vun der Welt, déi sech iwwer zwéi verschidde Kontinenter erstreckt.
Istanbul ass eng Universitéitsstad an huet a senge Mauere Bibliothéiken, eng Rei vu Muséeën an och auslännesch Kulturinstituten. D'Alstad vun Istanbul gouf 1985 op d'UNESCO-Lëscht vun de Weltkulturierwe gesat.
Istanbul war 2010, mat Essen a Pécs, Europäesch Kulturhaaptstad.
Commons: Istanbul – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Istanbul, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.