Eng Kouert ass eng Raummooss fir Holz.
Eng Kouert oder duebele Ster ass zu Lëtzebuerg, no Definitioun aus dem Gesetz iwwer d'Commercialisation des bois bruts vun 1973, 2 Meter laang, 1 Meter breet an 1.04 Meter héich. Eng Kouert entsprécht wa se gutt getässelt an uerdentlech gerass ass ongeféier 1,40 m³ Festvolummen Holz.
An de belschen Ardennen, an an Däitschland gëtt déi Moosseenheet d'selwecht benotzt, ausser zu Libramont wou eng Kouert 8 Ster Eechenholz bezeechent.
Aner Variante gëtt et a verschiddene franséische Géigenden wéi am Anjou, der Bretagne an der Basse-Normandie, wou eng Kouert 3 Ster huet, an am Cantal huet se der 4.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Kouert, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.