Jean Asselborn: Lëtzebuergesche Politiker

De Jean Asselborn, gebuer de 27.

Abrëll 1949 zu Stengefort, ass e lëtzebuergesche Politiker (LSAP). Hie war vun 2004 bis 2023, zulescht vum 5. Dezember 2018 bis de 17. November 2023 an der Regierung Bettel-Schneider-Braz (zum Schluss: Regierung Bettel-Lenert-Bausch), Ausseminister vu Lëtzebuerg.

Jean Asselborn
Jean Asselborn: Karriär, Privates, Gielercher
Gebuer 27. Abrëll 1949
Stengefort
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Stater Kolléisch,
Université Nancy-II,
Stater Jongelycée
Aktivitéit Diplomat, Politiker, Jurist
Partei LSAP
Famill
Bestuet mat Sylvie Huber
Jean Asselborn: Karriär, Privates, Gielercher

Karriär

1967 huet de Jean Asselborn mat der Schoul opgehalen a goung an de Laboratoire vum Pneueproduzent Uniroyal schaffen. Hien huet sech fréi an der Gewerkschaftsbeweegung engagéiert a gouf Representant vun der Jugendsektioun vum Lëtzebuerger Aarbechterverband.

1968 gouf hie Gemengebeamte vun der Stad Lëtzebuerg, an 1969 vun der Gemeng Stengefort.

1976 huet hie seng Première am Kolléisch an der Stad gemaach, op déi e sech an Owescourse preparéiert hat. Hien huet dunn an der Verwaltung vum Stengeforter Spidol geschafft. Duerno huet hie sech op der Universitéit Nanzeg ageschriwwen an do 1981 eng Maîtrise a Privatrecht gemaach.

Tëscht 1982 an 2004 war de Jean Asselborn Buergermeeschter vu Stengefort.

1984 gouf de Jean Asselborn op der Lëscht vun der LSAP an d'Chamber gewielt an zanterhier all Kéier erëmgewielt, zulescht bei de Chamberwale vum 8. Oktober 2023. 1989 gouf hie Fraktiounspresident vun der LSAP an der Chamber, an 1997 Parteipresident. Tëscht 1999 an 2004 war hie Vizepresident vun der Chamber. Hie war och Member vum Comité vun de Regiounen a Vizepresident vun der Europäescher Sozialistescher Partei.

Vun 2004 bis 2009 a vun do bis 2013 war de Jean Asselborn Vizepremierminister, Ausseminister a Minister fir Immigratioun an der Regierung Juncker-Asselborn I an II. 2013 huet hien an der Regierung Bettel-Schneider d'Portefeuillë vum Ausseminister a Minister fir Immigratioun an Asyl bäibehalen. Déi selwecht Portefeuillen hat hie vun 2018 bis 2023 an der Regierung Bettel-Schneider-Braz.

Privates

De Jean Asselborn ass mat der Sylvie Huber bestuet, déi och op lokalpoliteschem Plang aktiv ass. Si war am Stengeforter Gemengerot an eng Zäit laang Schäffin. D'Koppel huet zwou Duechteren.

Gielercher

Literatur

Um Spaweck

Commons: Jean Asselborn – Biller, Videoen oder Audiodateien


Referenzen

Tags:

Jean Asselborn KarriärJean Asselborn PrivatesJean Asselborn GielercherJean Asselborn LiteraturJean Asselborn Um SpaweckJean Asselborn194927. AbrëllAusseministere vu LëtzebuergLëtzebuerg (Land)Lëtzebuerger Sozialistesch AarbechterparteiPolitikerRegierung Bettel-Lenert-BauschRegierung Bettel-Schneider-BrazStengefort

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

Libramont-ChevignyBloen EckPlace de l'AcadémieRuslana LyjytschkoBhumibol AdulyadejKomponistBloKutschemusée zu PeppengVera TschechowagibraltarStenge SchëffFélix Steinberg1. FC KölnShoah-Monument zu MiedernachFranz SeimetzWill FerrellAlain AttenBëschofRomanElizabeth II.Walter BaadeLëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng IechternachNeipuertsgaassTessy Antony-de NassauRéeRTL ZweeISBNHei elei, kuck eleiRTL-DéckkäppJean-Claude HollerichDe LäbSilvana ManganoRiselenÉischte WeltkrichVulkanBouneschluppLycée classique d'EchternachMonoceros-RankRTL Télé Lëtzebuerg1660BiologieTrinitarierkierch vu VeianenKachkéisDer Schatz vom ToplitzseeWale fir d'Europäescht Parlament 2024 (Lëtzebuerg)Jens Jørgen ThorsenGeorge III. vum Vereenegte Kinnekräich1670England31. MäerzApple Inc.Ignatius MillimSchiferMilbekéisHans HoltNGC-Objete vu 4001 bis 4500Kifer um BriddelMartin LamotteMichel WurthRTL Radio LëtzebuergTélévieDräikinneksgaassFred NeuenTango (Musek)Il trionfo di MacisteJean vu LëtzebuergDe FeierwonInternetBell hooks🡆 More