Mumbai och nach Bombay genannt, ass d'Haaptstaat vum indesche Bundesstaat Maharashtra.
2001 louch d'Bevëlkerungszuel bei ongeféier 12 Millioune Leit, an 2006 bei ronn 13 Milliounen.
Mumbai | |
---|---|
Land | Indien |
Awunner | 15.414.288 (2018) |
Fläch | 603 km² |
Koordinaten | 19°4'33"N, 72°52'39"O |
Telefonszon | 0022 |
Postcode | 400001 |
Websäit | https://portal.mcgm.gov.in/ |
Mumbai ass déi Stad an Indien mat deene meeschte Leit. Zu Mumbai sinn déi meescht Filmstudioen. Den Numm Bollywood ass eng Kontraktioun aus "Hollywood"" a "Bombay". Mumbai ass e wichtege Wirtschaftszentrum an huet an der Moyenne en héije Liewensstandard.
Bombay läit op der Westküst vun Indien an am grousse Sanjay Gandhi Nationalpark. D'Waasserversuergung vun der Stad gëtt duerch 6 Séie garantéiert: Vihar, Vaitarna, Upper Vaitarna, Tulsi, Tansa a Powai. D'Séien Tulsi a Vihar treffe sech op der Grenz vum Nationnalpark. De Séi Powai ass bekannt dofir datt d'Waasser verdreckst ass. De Buedem zu Mumbai besteet virun allem aus Sand, well en zimmlech no beim Mier läit an dobäi ass en och fruchtbar.
Mumbai läit an der Tropescher Zon an huet e Klima vun 2 Joreszäiten: dréchen a fiicht. D'Dréchenzäit dauert vun November bis Februar, dann ass et mëttelwaarm, méi spéit, vun Dezember bis Januar kann et eppes méi frësch gi wéinst dem westleche Wand. D'Fiichtperiod ass vum Juni bis September.
Commons: Mumbai – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Mumbai, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.