D'COVID-19-Pandemie ass en Ausbroch vun der neier Otemweeërkrankheet COVID-19 (oder Covid-19 fir Corona Virus Disease 2019).
Dëse Medezinsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Dësen Artikel gehéiert zur Serie vun de Medezinartikelen. Dës Informatioune si fir eng allgemeng Weiderbildung geduecht, mä ersetzen op kee Fall en Dokter oder Apdikter! Och d'Éischt-Hëllef-Rotschléi kënnen op kee Fall mat engem richtegen Éischt-Hëllef-Cours gläichgesat ginn! |
D'Krankheet ass Enn Dezember 2019 an der Stad Wuhan an der chineesescher Provënz Hubei ausgebrach. Si huet sech am Januar 2020 zu enger Epidemie an der Volleksrepublik China entwéckelt a sech weltwäit verbreet. Si gouf vum neie Coronavirus SARS-CoV-2 ausgeléist. Fir enger Verbreedung a Länner ouni effizient Gesondheetssystemer entgéintzewierken, huet d'Weltgesondheetsorganisatioun den 30. Januar 2020 den internationale Gesondheetsnoutstand ausgeruff. Den 9. Februar 2020 huet d'Zuel vun de gemellten Doudesfäll, iwwer 800, d'total Zuel vun den Doudesfäll vun der SARS-Pandemie 2002/2003 iwwerschratt. Vum 28. Februar 2020 un huet d'WHO an hire Rapporten de Risiko op weltwäitem Niveau als "ganz héich" bewäert, virdrun als "héich". Den 11. Mäerz 2020 huet d'WHO offiziell déi vireg Epidemie als Pandemie erkläert, déi éischt zënter der H1N1-Pandemie am Joer 2009/10.
312.173.462 Persoune ware weltwäit bis zum 12. Januar 2022 nogewisenermoosse mam Virus infizéiert. 5.501.000 Persounen hunn e bis dohin net iwwerlieft.
Doudeg Geheelt Infizéiert (weltwäit)
Donnéeë vun der Johns-Hopkins-Universitéit
Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
2020 hu sech an de Länner vun der EU an dem EWR (an am Vereenegte Kinnekräich) zesummen iwwer 17 Millioune Leit mam Virus ugestach, a bal 430.000 sinn um oder mam Virus gestuerwen.. D'EU huet bal 3 Milliarden Euro fir Noutmoossnamen, fir Medikamenter, Schutzequippement an Impfstoffer ausginn. D'EU Memberstaaten hunn och engem Hëllefsprogramm vu 750 Milliarden Euro zougestëmmt, fir datt hir Economië sech an den nächste Jore vun de Follge vun der Pandemie erhuele kéinten, woubäi fir d'éischt Kéier grouss Emprunte gemeinsam geholl solle ginn.
Den 29. Februar 2020 gouf et deen éischten offizielle Fall vu Covid-19 zu Lëtzebuerg.
Bis Enn des Joers ware 500 Leit un oder mam Virus gestuerwen.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: COVID-19-Pandemie zu Lëtzebuerg.
Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article COVID-19-Pandemie, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.