Den Tun Tonnar, gebuer 1994 an och bekannt als Turnup Tun, ass e lëtzebuergesche Rapper an Hip-Hop-Produzent.
Tun Tonnar | |
---|---|
Gebuer | 1994 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun | Lycée Ermesinde |
Aktivitéit | Museksproduzent, Rapper |
Famill | |
Papp | Serge Tonnar |
Geschwëster | Luka Tonnar |
Hie gehéiert zesumme mam Tommek an anere Rapper zum Kollektiv Stayfou.
Dem Tun Tonnar säi Papp ass de Museker Serge Tonnar a säi Monni de Filmmécher Yann Tonnar. Och säi Brudder Luka Tonnar ass ënnert dem Numm luk. als Rapper aktiv.
Den Tun Tonnar ass am Lycée Ermesinde an d'Schoul gaangen. Zu där Zäit war hien och Gitarrist an der Schülerband Impact Hour. 2012 an 2013 huet Impact Hour beim Screaming Fields an huet béid Kéiere Präisser gewonnen. D'Band huet sech 2014 getrennt.
2016 huet hien als Deel vum Kollektiv Räpzodi, an deem och säi Brudder Luka an den Tommek aktiv waren, een Album mam selwechten Numm verëffentlecht. Dee gouf vum Serge Tonnar produzéiert.
A senger Ufankszäit als Rapper huet den Turnup Tun vill mam Rapper Skinny J kollaboréiert. Zesummen hu si zwéin Albumen erausbruecht, Frësche Wand (2018) an All Aen op eis (2020). Fir e puer vun dem Duo senge Lidder war hien och de Regisseur vun de Museksvideoen, wéi zum Beispill bei de Summerhitten Karibik (mam Bandana) a Cuba Libre (mam Tommek). Déi zwéi Videoen hunn op YouTube iwwer 40.000, respektiv iwwer 75.000 Vuen. Elleng op Spotify goufen déi zwee Lidder ronn 150.000, respektiv iwwer 190.000-mol gelauschtert.
Am Oktober 2018 huet hien d'Lidd FCK LXB verëffentlech, an deem hie Perséinlechkeeten aus dem rietspopulistesche Milieu zu Lëtzebuerg karikaturéiert, wéi de Wee2050 an Déi Konservativ. E puer vun de Persounen, déi hien an deem Lidd viséiert, hunn hie wéinst Beleidegung viru Geriicht bruecht, dorënner de Fred Keup, de Joe Thein an den Dan Schmitz. Am Mee 2019 gouf hie fräi geschwat, wat vun der Cour d'Appel am Abrëll 2020 bestätegt gouf.
Als Reaktioun op säin éischte Fräisproch huet hien d'Lidd freeturnup verëffentlecht.
Am Hierscht 2019 huet hie mam Nosi um Partylidd Schëdden kollaboréiert. Et handelt iwwer exzessiven Alkoholkonsum. Et gouf iwwer 330.000-mol gestreamt gouf.
E gréissere Succès hat hien am Summer 2020 als Produzent vum Maale Gars sengem Lidd Alles versicht. Den Tun Tonnar huet och déi meescht vum Maale Gars sengen anere Lidder ëm déi Zäit gemëscht a gemastert.
Am August 2021 huet den Turnup Tun säi Soloalbum Schlëmme Summer erausbruecht, nodeems am Abrëll schonn d'Kollaboratioun Marrakesch mam Nosi presentéiert gi war.
Nodeem en 2020 säin eegene Release Level Up verëffentlecht an der Sängerin Irem hir EP Look at Me produzéiert huet, koum säin Album Realtalk ass am Abrëll 2023 op de Maart. An deem verschafft hien ënner anerem d'Trennung vu senger laangjäreger Frëndin. Déi éischt Singleauskoppling Nach e Kuss hat Succès op de Streamingplatformen . Aner Extraiten waren Hook mat Skinny J an dat méi rockeg Du kanns mer wéidoen.
Schonn e puer Méint drop koum d'EP Schlëmme Summer 2 eraus, als Norfolgerin vunm éichten Deel, dee bal genee zwee Joer éischter erauskomm war. Fir den 13. Oktober 2023 ass d'Verëffentlechung vum sechste Studioalbum Nuit Blanche an der Escher Kufa ugekënnegt.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Tun Tonnar, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.