De Jean-Antoine (eigentlech: Johann-Anton) Zinnen, gebuer de 25.
Abrëll">25. Abrëll 1827 an der Neierbuerg an der Äifel, (deemools en Deel vum Kinnekräich Preisen), a gestuerwen de 16. Mee 1898 zu Neuilly-sur-Seine, war en däitsch-lëtzebuergesche Museker a Komponist. Vun him ass d'Melodie vun der Lëtzebuerger Nationalhymn Ons Heemecht.
Jean-Antoine Zinnen | |
---|---|
Gebuer | 25. Abrëll 1827 Neierbuerg |
Gestuerwen | 16. Mee 1898 Neuilly-sur-Seine |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Komponist |
Dem Zinnen seng Mamm ass gestuerwe wéi hie 6 Joer hat a säi Papp de Johann-Baptist Zinnen, ass mat him a sengen zwou Duechtere Karoline a Mathilde op Klierf geplënnert. Geschwënn duerno, fir datt d'Kanner eng gutt Schoul kréichen, ass d'Famill op Dikrech geplënnert, a méi spéit an d'Fiels. Scho fréi ass dem Johann-Anton säin Talent fir Musek entdeckt a vu sengem Papp ënnerstëtzt ginn. De Jean-Baptiste Zinnen war selwer e begeeschterte Blosmuseker, hien hat 1836 de Fielsser Museksveräi gegrënnt a gouf do Dirigent. De J.-A. Zinnen ass an d'Fielsser Museksschoul gaangen, déi vu sengem Papp geleet gouf.
Scho mat 15 Joer gëtt de Jean-Antoine als Cor-Spiller an d'Musek vum 1. Batailloun vum Lëtzebuerger Bundeskontingent, deen zu Iechternach stationéiert war, opgeholl. Bannent 4 Joer gouf hien 1.-Klass-Hornist. Am Dezember 1847 - hien hat just 20 Joer - gëtt en zum Dirigent vun der Musek vum 2. Jeeërbatailloun zu Dikrech ernannt.
1849 krut hien déi Lëtzebuerger Nationalitéit duerch Naturalisatioun.
1852 gouf den Zinnen Direkter vun der Stadmusek vun der Stad Lëtzebuerg a kuerz drop Direkter vum nei gegrënnte Stater Conservatoire[Source?]. Déi Joren duerno huet hie sech ganz fir d'Musek agesat; hien huet verschidde Gesanks- a Museksveräiner uechter d'Lëtzebuerger Land geleet.
1863 war de J.-A. Zinnen Matgrënner vum Verband Allgemeiner Luxemburger Musikverein.
Vu senge Kompositiounen ass Ons Heemecht natierlech déi bekanntst; si gouf de 5. Juni 1864 zu Ettelbréck fir d'éischt opgefouert. Mä och 2 Operetten, Märsch, Kantaten a Lidder huet hie geschriwwen.
1882 gouf de Conservatoire aus finanzielle Grënn zougemaach; de Jean-Antoine Zinnen ass op Paräis geplënnert. Do hat e mat Succès a verschiddenen Orchestere matgespillt, an och e Lëtzebuerger Blos-Ensembel op d'Bee gestallt.
1898 ass de Jean-Antoine Zinnen zu Neuilly bei Paräis gestuerwen, seng stierflech Iwwerreschter goufen den 28. Oktober 1900 um Nikloskierfecht an der Stad Lëtzebuerg bäigesat.
Commons: Jean-Antoine Zinnen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Jean-Antoine Zinnen, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.