De Fernand Fox, gebuer de 26.
Januar">26. Januar 1934 op der Bollenduerfer Bréck, ass e lëtzebuergesche Schauspiller.
Fernand Fox | |
---|---|
De Fernand Fox am Januar 2011 (Foto François Besch) | |
Gebuer | 26. Januar 1934 Bollenduerfer Bréck |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Theaterschauspiller, Schauspiller |
Hien ass bekannt fir seng joerzéngtelaang Presenz op Lëtzebuerger Bünen, an och als Schauspiller a Reklammssketcher, Kinos- an Televisiounsproduktiounen.
No sengem Lycée an der Stad an zu Iechternach goung de Fernand Fox op d'Interbank an du bei ARBED schaffen (1957-1981). Duerno huet hien e Café, d'Theaterstuff, opgemaach, wou e bis zu senger Pensioun geschafft huet.
1956 stoung hien eng éischt Kéier am Stater Casino op der Bün, wou e vum Eugène Heinen entdeckt gouf. Hien huet doropshin 3 Joer Schauspillerei an Dictioun um Stater Conservatoire gemaach.
Hie war dunn 10 Joer laang Member vum Lëtzebuerger Theater an 30 Joer laang vum Kasemattentheater. Do donieft huet hie reegelméisseg a Produktiounen (dacks Cabaret) vun aneren Ensembele matgespillt, wéi z. B. am Kapuzinertheater, dem TOL oder dem Théâtre du Centaure.
Och an enger sëlleger Filmer, zulescht am Andy Bausch sengem Rusty Boys, war hien ze gesinn.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Fernand Fox, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.