D'Wikipedia op Lëtzebuergesch (oder och: Lëtzebuergesch Wikipedia) ass d'Versioun a Lëtzebuerger Sprooch vun der Online-Enzyklopedie Wiki Lëtzebuergesch.
Lb-Wiki - Entwécklung vun der Zuel vun den Artikelen |
Entwécklung vun der Zuel vun den Artikelen op dëser Wikipedia tëscht dem 21. Juli 2004 an dem 1. Juli 2022 |
Si gouf am Juli 2004 kreéiert.
Ablécklech gëtt et genee 63.323 Artikelen op dëser Wikipedia-Versioun.
D'Initiativ vun enger lëtzebuergescher Versioun vu Wikipedia goung op d'Benotzerin Briséis zeréck, déi am Juli 2004 d'Versioun lb.wikipedia.org bei der Wiki Foundation ugefrot an d'Text-Coden, z. B. fir d'Navigatioun, iwwersat huet. Den éischten Artikel ("Wiki Wikipedia Op Lëtzebuergesch") goung den 21. Juli 2004 um 10:57 online (1. Versioun: [1]). Et koumen no: Enzyklopedie um 15:42 (1. Versioun: [2]), Geschicht (15:54; 1. Versioun: [3]), Herodot (21:09; 1. Versioun: [4]) a Matthew Perry (22:15, 1. Versioun: [5]).
Zanterhier kommen an der Moyenne eng 8 Artikelen den Dag bäi. Den 10. September 2004 waren déi éischt 1.000 Artikele beieneen, an den 23. Juli 2006 gouf deen 10.000. Artikel ugeluecht.
Am Juli 2014, fir den 10. Gebuertsdag vun der Wikipedia op Lëtzebuergesch, gouf d'Zuel vun zirka 41.400 Artikelen erreecht. Am Summer 2014 gouf op den 10. Gebuertsdag duerch en adaptéierte Wikipedia-Logo higewisen. Den 10. September 2017 gouf de 50.000sten Artikel geschriwwen.
"Aktiv Benotzer" (d. h. déi, déi op d'mannst eng Ännerung am Mount maachen) sinn et der op der lëtzebuergescher Wikipedia am Ament 80; där, déi méi wéi 5 Ännerungen am Mount maachen, an der Moyenne knapps 30, a "ganz aktiv" (d. h. déi, déi méi wéi 100 Ännerungen am Mount maachen) sinn et ëm déi aacht. Déi imposant Zuel vu registréierte Benotzer - 61.610 - erkläert sech doduerch, dass déi allermeescht dovu Leit sinn, déi iwwer e globale Benotzerkont op alle Sproochversioune vu Wikipedia ugemellt sinn, och wa se nëmmen op enger oder e puer dovun aktiv sinn (an deemno nëmmen e Brochdeel dovun op dëser hei).
Commons: Wikipedia op Lëtzebuergesch – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Wikipedia op Lëtzebuergesch, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.