De Cyrus Neshvad (och Syrus), gebuer zu Teheran (Iran), ass e lëtzebuergesche Filmregisseur a -produzent.
Cyrus Neshvad | |
---|---|
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Filmregisseur, Dréibuchauteur, Filmproduzent |
Wéi e fënnef Joer al war, ass seng Famill aus dem Iran geflücht. Zanterhier wunnt hien zu Lëtzebuerg. No senger Première am Lycée Michel Rodange, huet hien op de Filmschoulen zu Montpellier an zu Paräis studéiert. Hien huet eng Maîtrise cinéma vun der Université Vincennes à Saint-Denis an en Diplôme réalisation vun der École supérieure de réalisation audiovisuelle.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Cyrus Neshvad, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.