En Astrolab (vum Griicheschen astrolabos wat en « Instrument fir d'Héicht vun de Stären ze huelen » bedeit) ass e Miessinstrument fir d'Wénkelmiessung um Himmel.
Chr. entwéckelt ginn. Aner Quelle schreiwen d'Erfindung der Mathematikerin Hypatia vun Alexandria zou, déi Enn véiert an Ufank fënneft Joerhonnert gelieft huet. Déi deemools als Astrolabie bezeechent Instrumenter ginn haut Armillarsphären oder sphäresch Astrolabie genannt. Mat sou Instrumenter goufen d'Stärekataloge vum Hipparchos a vum Ptolemäus gemaach.
Déi zanter dem Mëttelalter allgemeng bekannt scheiwefërmeg Astrolabe sollen op den Hipparchos zeréckgoen a goufen am arabesche Raum weiderentwéckelt. Si erlaben zwar manner Miessunge wéi déi sphäresch Form (nëmmen d'Héichtemiessung vun den Himmelskierper iwwer dem Horizont), sinn awer och als analoogt Recheninstrument ze gebrauchen. Domat ware si fir praktesch Zwecker wéi d'Positiounsberechnung bei Expeditiounen oder op der Séifaart besser gëeegent. D'Miessung vun der Kulminatiounshéicht vu bekannte Fixstären erméiglecht d'Berechnung vun der geographescher Breet. Mat Kenntnes vun der aktueller Auerzäit léisst sech doriwwer eraus och d'geographesch Längt ermëttelen.
An der europäescher Schëfffaart goufen d'Astrolabien haaptsächlech tëscht dem 15. a 17. Joerhonnert fir d'Navigatioun gebraucht a sinn d'Virleefer vum Sextant. Vum fréie 16. Joerhonnert un, gouf bei der Wénkelmiessung och de Jakobsstaf gebraucht.
Den Numm Astrolab déngt zanter 1930 och fir e puer Instrumenter an der Astrogeodesie, mat deene Stärenduerchgäng an engem konstanten Héichwénkel vu meeschtens 60° prezis gemooss ginn. Dee Wénkel gëtt engersäits duerch e speziell geschlaffene Glasprisma definéiert, anerersäits duerch e gespigelte Quecksëlwer-Horizont oder en Nivelléierinstrument. Bekannt Bautype sinn den Danjon-Astrolab, d'Zirkumzenital an den Ni2-Prismenastrolab vun Zeiss. Si erlaben, jee no Opwand a Gewiicht, d'Bestëmmung vum Senkel mat Prezisioune vu ±0,01" bis 0,5".
Commons: Astrolabes – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Astrolab, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.