ISBN ass d'Ofkierzung fir d'international Standardbuchnummer (englesch: International Standard Book Number), eng Nummer, déi et erlaabt, Bicher eendeiteg zu identifizéieren.
D'ISBN baséiert op der internationaler Norm ISO 2108 aus dem Joer 1972.
Zanter dem 1. Januar 2007 huet ISBN 13 Stellen; virdrun waren et nëmmen zéng.
Bicher, déi zu Lëtzebuerg erauskommen, hunn op der 4. Plaz (engl. Language Group) vun der ISBN Nunmmer ëmmer eng 2 fir Franséisch stoen, och wann d'Buch op Däitsch oder Lëtzebuergesch, oder soss eng Sprooch geschriwwen ass.
Fir eng Nummer ze kréie muss een op d'mannst véier Bicher bei der Lëtzebuerger Nationalbibliothéik hannerleeën (kuckt: Dépôt légal).
Fir Zäitschrëften a Publikatiounsserië besteet d'ISSN-Nummer (engl. International Standard Serial Number).
Commons: ISBN – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article ISBN, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.