De Jakobsstaf (Senecio jacobaea; Syn.: Jacobaea vulgaris) ass eng an Eurasien geleefeg Planz aus der Gattung Senecio, bannent der Famill vun den Asteraceae.
Wëssenschaftlech Klassifikatioun | |
---|---|
Räich | Planzeräich |
Ënnerräich | Tracheobionta |
Ofdeelung | Bléieplanzen |
Klass | Magnoliopsida |
Ënnerklass | Asteridae |
Uerdnung | Asterales |
Famill | Asteraceae |
Ënnerfamill | Asteroideae |
Gattung | Senecio (Kräizkraider) |
Wëssenschaftlechen Numm | |
Senecio jacobaea | |
L. |
Aner Nimm am Lëtzebuergesche si beim Henri Klees: Jokobsstaf, Jakobsblumm, an, méi seelen, Hunnek(n)app. Den Ernest Feltgen huet 1903 den Numm Jakobistaf fir Senecio jacobaea, an Hunnekapp fir Senecio vulgaris benotzt. Den Edmond J. Klein féiert d'Aart 1897 als Jacobistâf, an de Joseph Weber 1890 als Jokobsschtâf net nëmme fir Senecio Jacobea, mä och nach fir d'Aart Polemonium caeruleum, déi an anere Sproochen éischter Jakobsleeder genannt gëtt.
De wëssenschaftleche Gattungsnumm Senecio kënnt vum lat. senex = Greis, d'Aart-Epitheton jacobaea bezitt sech op den Dag Jacobi am chrëschtlechen Hellegekalenner, deen de 25. Juli ass, wann d'Planz gewéinlech blitt.
Senecio jacobaea ass e Kraut, dat meeschtens zwee Joer al gëtt, och alt emol méi al. Dat éischt Joer besteet se nëmmen aus ronn 20 cm laange Grondblieder. Eréischt dat zweet Joer entwéckelt sech e Still mat de Bléiestänn. D'Blieder hunn zackeg Borden, déi un den Extremitéite méi breet ginn.
D'Planze ginn 30 bis 100 cm grouss, a se bilden um ieweschten Deel eng Rëtsch giel Bléiekäpp a Form vun enger Schirmrispe. D'Bléiekäpp hunn en Duerchmiesser vun ongeféier 15 bis 25 mm.
De Jakobsstaf wiisst laanscht d'Felder, an de Wisen an op Broochen.
D'Planz (besonnesch d'Bléi) ass fir déi meescht Mamendéiere gëfteg, well se Pyrrolizidinalkaloiden enthält, déi schiedlech fir d'Liewer sinn. Päerd a Ranner kënnen, wa se ze vill där Planzen iwwer Jore friessen, dru stierwen.
Am Summer fënnt een dacks op Jakobsstaf-Planzen déi opfälleg giel-schwaarz gesträift Raup vun der Päiperleksaart Tyria jacobaeae, déi sech dorop spezialiséiert huet.
De Jakobsstaf ass zu Lëtzebuerg geleefeg an net bedreet.
Commons: Jakobsstaf – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Jakobsstaf, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.