De Jean-Pierre Cassel, gebuer als Jean-Pierre Crochon de 27.
Oktober">27. Oktober 1932 zu Paräis an och do gestuerwen den 19. Abrëll 2007 war e franséischen Dänzer a Schauspiller.
Jean-Pierre Cassel | |
---|---|
Gebuertsnumm | Jean-Pierre Crochon |
Gebuer | 27. Oktober 1932 13. Arrondissement |
Gestuerwen | 19. Abrëll 2007 4. Arrondissement |
Doudesursaach | Kriibs |
Nationalitéit | Frankräich |
Educatioun | Cours Simon |
Aktivitéit | Schauspiller, Dänzer, Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Filmregisseur, Dréibuchauteur, Televisiounsschauspiller |
Famill | |
Kanner | Vincent Cassel, Cécile Cassel |
De Jean-Pierre Cassel huet a senger laanger Schauspillercarrière an iwwer 200 Kinos- an TV-Filmer matgewierkt ënner sou bekannte Filmregisseure wéi Gene Kelly, Robert Altman, Claude Chabrol, Sidney Lumet, Luis Buñuel, Jean-Pierre Melville, Joseph Losey, Abel Gance, René Clément a Jean Renoir.
Nieft senge Filmrollen huet hien och nach Zäit fonnt fir a villen Theaterstécker matzespillen.
Hien ass de Papp vum Schauspiller Vincent Cassel.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Jean-Pierre Cassel, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.