2020: Joer

◄ | 20.

Joerhonnert">◄ | 20. Joerhonnert | 21. Joerhonnert    
◄◄ | | 2016 | 2017 | 2018 | 2019 | 2020 | 2021 | 2022 | 2023 | 2024 |  

Dës Säit befaasst sech mam Joer 2020.

2020: Evenementer, Konscht a Kultur, Ekonomie
De SARS-CoV-2 verursaacht eng Pandemie mat weltwäit schwéiere Repercussiounen op Gesondheet, Gesellschaft an Ekonomie.

D'Joer 2020 huet op engem Mëttwoch ungefaangen. Et war e Schaltjoer.

Evenementer

Europa

Lëtzebuerg

  • 29. Februar: Den ëffentlechen Transport gëtt am ganze Land gratis fir d'Passagéier (ausser 1. Klass an international Zich).
  • 29. Februar: Déi éischt Persoun am Land gëtt positiv op de SARS-CoV-2.Virus getest.
  • 16. Mäerz: Fir der COVID-19-Pandemie entgéint ze wierken, bleiwen op Uerder vun der Regierung Schoulen, Crèchen, Restauranten, Caféen, Concerts- an Theatersäll, Kinoen, Sportplazen an all Geschäfter, ausser Liewensmëttel-, Zeitungs- a Brëllebutteker an Apdikten, zou. D'Leit solle sech sou wäit et geet vun aneren ewechhalen. Dës Restriktioune gi vu Mee u phaseweis nees opgehuewen, fir dann awer vun Enn November un nees unzezéien, well d'Zuel vun den Neiinfektioune vu September un nees an d'Luucht gaange ass.
  • 18. Mäerz: D'Regierung rifft den État de crise aus (Art. 32(4) vun der Verfassung), deen den 21. Mäerz vun der Chamber mat engem Gesetz op dräi Méint verlängert gëtt.
  • 13. Dezember: D'Verlängerung vun der Tramslinn T1 vun der Stäreplaz op d'Gare gëtt a Betrib geholl.
  • 28. Dezember: Ufank vun der Impfcampagne géint de SARS-CoV-2-Virus.

Afrika

Amerika

Nordamerika

Südamerika

  • 08. November: De Luis Arce gëtt als neie President vu Bolivien vereedegt.
  • 10. November: De Manuel Merino gëtt vum Parlament zum neie President vum Peru gewielt; no Protester gëtt hien de 17. November vum Francisco Sagasti ofgeléist.

Asien

Arabesch Welt an Noen Osten

  • 11. Januar: Den Haitham ibn Tariq, gëtt, non Doud vum Qabus ibn Said, neie Sultan vum Oman.
  • 4. August: Bei der Explosioun vun 2750 Tonnen Ammoniumnitrat am Hafe vu Beirut kommen iwwer 130 Mënschen ëm d'Liewen an iwwer 5.000 ginn der blesséiert.
  • 29. September: Den Nawaf al-Ahmad al-Jabir al-Sabah gëtt nom Doud vu sengem Hallefbrudder Sabah al-Ahmad al-Jabir al-Sabah Emir vum Kuwait.
  • 11. Oktober: Den Emomali Rahmon gëtt op en Neies zum President vun Tadjikistan gewielt.

Australien an Ozeanien

Konscht a Kultur

Molerei

Literatur

Musek

Kino

Ekonomie

  • 20. Abrëll: Wéinst der niddereger Nofro, bedéngt duerch d'COVID-19-Pandemie, gëtt fir d'éischt Kéier iwwerhaapt de Präis vum Barrel Pëtrol negativ gehandelt: fir kuerz Zäit gouf e fir -38 USD verkaaft.

Wëssenschaft an Technik

Raumfaart

Coronavirus

  • 21. Dezember: Nodeems d'Europäesch Agence fir Medikamenter (EMA) gréng Luucht ginn huet, erlaabt d'Europäesch Kommissioun, ënner Konditiounen, den EU-wäite Gebrauch vum éischte Vaccin géint de COVID-19-Virus, dee vu BioNTech-Pfizer. De Vacccin gouf zesumme kaaft a gëtt, proportional zu der Bevëlkerungszuel, un all Memberlänner (plus déi vum Europäesche Wirtschaftsraum) verdeelt. Vum 27. Dezember u ginn an de Memberlänner Impfunge gemaach. D'Logistik an d'Prioritiséierung no Vulnerabilitéit gëtt op nationalem Plang organiséiert. 2021 gi weider Impfstoffer zougelooss, an d'Zuel vun de Geimpfte bannent der Bevëlkerung wiisst.

Wëssenschaftspräisser

Nobelpräis

Turing Award

  • Alfred V. Aho und Jeffrey Ullman fir fundamental Algorithmen an Theorien, déi Basis bilde fir d'Implementiere vu Programméiersproochen, a fir d'Synthees dovun an och vun anere Resultater an hire Bicher mat deene Generatiounen vun Informatiker ausgebilt goufen.

Sport

Wéinst der COVID-19 Pandemie si vill sportlech Evenementer, Championnater oder Turnéiere verréckelt ginn oder ganz ausgefall.

Foussball

  • 05. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gewënnt am Olympiastadion zu Baku an an engem Qualifikatiounsmatch fir d'UEFA Nations League 2:1 géint Azerbaidjan.
  • 08. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert am am Stade Josy-Barthel an der Stad an engem Qualifikatiounsmatch fir d'UEFA Nations League 0:1 géint Montenegro.
  • 07. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert am Stade Josy-Barthel an der Stad an engem Frëndschaftsmatch 1:2 géin Liechtenstein.
  • 10. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gewënnt am Stade Josy-Barthel an der Stad an an engem Qualifikatiounsmatch fir d'UEFA Nations League 2:0 géint Zypern.
  • 13. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert am Gradski Stadion zu Podgorica an engem Qualifikatiounsmatch fir d'UEFA Nations League 1:2 géint Montenegro.
  • 11. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert am Stade Josy-Barthel an der Stad an engem Frëndschaftsmatch 0:3 géint Éisträich.
  • 14. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gewënnt am GSP Stadion zu Nikosia an an engem Qualifikatiounsmatch fir d'UEFA Nations League 1:2 géint Zypern.
  • 17. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp an déi aserbaidjanesch spillen am Stade Josy-Barthel an der Stad an an engem Qualifikatiounsmatch fir d'UEFA Nations League 0:0 gläich.

Gebuer

Gestuerwen

Eugène Berger
Kirk Douglas
Jean-Pierre Junius
Javier Pérez de Cuéllar
Tonie Marshall
Albert Uderzo
Little Richard
Michel Piccoli
Jay Schiltz
Ennio Mordicone
Olivia de Havilland
Chadwick Boseman
Annie Cordy
Diana Rigg
Juliette Greco
Sean Connery
Diego Maradona
Valéry Giscard d'Estaing
John Le Carré

Um Spaweck

Commons: 2020 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

Tags:

2020 Evenementer2020 Konscht a Kultur2020 Ekonomie2020 Wëssenschaft an Technik2020 Sport2020 Gebuer2020 Gestuerwen2020 Um Spaweck202019. Joerhonnert20. Joerhonnert2010201520162017201820192021202220232024202521. Joerhonnert

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

Norbert von KunitzkiMathematikerSchëld B, 65. Abrëll1909HaaptsäitJoe BidenRené CarolNorbert CampagnaIslamAntonio VivaldiCharleroiFräi SoftwareLycée privé Émile-MetzKonzentratiounslagerBungerëffer MillenFrançois SchanenDräikinneksgaass5. August5. JuliSyrienBrasilienLycée Hubert-ClémentHenri Cartier-Bresson1647École polytechnique2014Lëtzebuerger Sozialistesch Aarbechterpartei2005Lëtzebuergesch DictionnairenArchimedesBakteerienLycée classique de DiekirchAfghanistanMaka Mc1200Dwight D. EisenhowerAtomwaffEkologieNGC 1422. MäerzSchëld B, 5WebsäitLycée technique de Bonnevoie1032Mark TwainRiedelenLibanonSan Francisco17281. DezemberPond SterlingSumatraGielVatikanstadLëscht vun de lëtzebuergesche Spréchwierder183825. AbrëllPortugal9. DezemberRepublik KoreaDäneschAustralienFeierstëppelerSlowakeiKarl-Gotthelf KindLycée Robert-SchumanMarc Seguin1894Vereenegt KinnekräichElizabeth II.19. Februar🡆 More