De Saturnino (Nino) Manfredi, gebuer den 22.
Mäerz">22. Mäerz 1921 zu Castro dei Volsci, Provënz Frosinone a gestuerwen de 4. Juni 2004 zu Roum, war en italieenesche Schauspiller, Dréibuchauteur a Filmregisseur.
Nino Manfredi | |
---|---|
Gebuertsnumm | Saturnino Manfredi |
Gebuer | 22. Mäerz 1921 |
Gestuerwen | 4. Juni 2004 Roum |
Doudesursaach | Hiereschlag |
Nationalitéit | Italien, Kinnekräich Italien |
Educatioun | Universitéit La Sapienza, Accademia nazionale d'arte drammatica |
Aktivitéit | Komiker, Filmregisseur, Dréibuchauteur, Dramatiker, Sänger, Schrëftsteller, Synchronspriecher, Filmschauspiller, Theaterschauspiller, Televisiounsmoderateur, Televisiounsschauspiller, Schauspiller, Regisseur |
Famill | |
Bestuet mat | Erminia Ferrari |
Kanner | Luca Manfredi, Roberta Manfredi |
Hien huet ufanks beim Radio an am Theater geschafft. 1948 hat e mat Tenori per forza säi Filmdebut, an hat d'1950er Joren duerch kleng Rollen a sëllege Filmer. An den 1960er Joren huet hie sech als populäre Komiker, dacks a groteske Rollen, een Numm gemaach, a gouf ee vun de beléiftsten italieenesche Komiker. An den 1980er Joren huet hie manner Filmer gedréint an nees méi Theater gespillt.
1962 huet hie bei véier Episode vu L'amore difficile Regie gefouert, an 1971 krut hie fir säin éischte Film Per grazia ricevuta zu Cannes e Präis.
De Manfredi huet ausserdeem e Kachbuch an e Buch iwwer réimesch Riedensaarten erausginn.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Nino Manfredi, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.