De Serge Tonnar, gebuer den 3.
Februar">3. Februar 1970 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Museker, Komponist, Schrëftsteller a Schauspiller.
Serge Tonnar | |
---|---|
Op der Fête de la musique 2011 um Bridel. | |
Gebuer | 3. Februar 1970 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun | Stater Jongelycée |
Aktivitéit | Museker, Filmkomponist, Schrëftsteller, Iwwersetzer |
Member vun | Blue Screw |
Famill | |
Geschwëster | Yann Tonnar |
Kanner | Turnup Tun |
De Serge Tonnar huet seng Première am Stater Jongelycée gemaach an duerno zwee Joer Journalismus zu Bréissel studéiert. Vun 1993 un huet hien als fräien a vun 1995 un als feste Mataarbechter beim Radio 100,7 geschafft an donieft Artikelen iwwer Kulturtheeme fir d'Zeitunge Grénge Spoun, Tageblatt a Lëtzebuerger Land geschriwwen. 1997 huet hien ugefaangen sech als onofhängege Kënschtler z'etabléieren.
Zanter 1985 komponéiert, schreift an interpretéiert de Serge Tonnar Rockmusek; hien huet mat Gruppe wéi Battaklang, Blue Screw, Claudine Muno and the Luna Boots an Taboola Rasa zesummegeschafft. 2001 huet de Serge Tonnar d'Band Zap Zoo matgegrënnt a mat hir véier Albumen erausbruecht. Och mat der Band Serge Tonnar & Legotrip mécht hien zanter 2003 Musek an huet erfollegräich Radiosingele verëffentlecht. 2008 ass donieft nach säi Soloalbum Pärele bei d'Sei erauskomm. Och op verschiddenen anere Projeten ass hie vertrueden; sou huet hie fir d'Kompilatioun Planet Lëtzebuerg Reloaded (2010) d'Lidd Firwat gecovert an um Concert D'Keess op an d'Klacken eraus! (2011) fir d'Fondatioun Thierry van Werveke deelgeholl.
1996 huet en do donieft ugefaange fir den Theater ze komponéieren (z. B. Schold & Schäin vum Claude Mangen, 2009), an zanter 2000 och fir verschidde Filmer, dorënner dem Andy Bausch seng Wierker Le club des chômeurs (2002) an Deepfrozen (2006).
An der Theaterzeen ass de Serge Tonnar och Schauspiller, Auteur, Regisseur a Produzent vu lëtzebuergeschsproochege Stécker.
Hien ass Matgrënner vum Artistekollektiv an der Produktiounsgesellschaft MASKéNADA (1995). Do donieft ass hien engagéiert an Etats d'Urgence, a le forum culture(s), an am Mierscher Kulturhaus.
Vun 2008 bis 2012 war hie President vun der Fédération luxembourgeoise des théâtres professionnels.
Am Flüchtlingskrisejoer 2015 huet de Serge Tonnar zesumme mat der Rita Neu, der Sabine Tonnar an dem Misch Donven de Veräin Mir wëllen iech ons Heemecht weisen gegrënnt, mam Zil, den interkulturellen Dialog unzekierpen, andeems d'Lëtzebuerger den Auslänner, déi hei liewen, hir Kultur weisen an ëmgekéiert.
2019 koum vun him eng Iwwersetzung vum Lao-Tse sengem Tao Te King (als Buch vum Wee) eraus, eng CD mam Titel Aner Lidder, op där en Iwwersetzunge vu Chansonen a Lidder vu franséisch-, däitsch- oder engleschsproochege Sänger agespillt huet, an eng mat enger neier Opnam, zesumme mam OPL, vum Sergei Prokofjew sengem Pier an de Wollef.
De Serge Tonnar ass de Brudder vum Regisseur Yann Tonnar.
Hien ass de Papp vum Museksproduzent a Rapper Tun Tonnar an dem Rapper Luka Tonnar.
Fir Verëffentlechunge mat fréiere Museksgruppen, kuckt wgl. d'Artikelen Zap Zoo a Serge Tonnar & Legotrip.
Commons: Serge Tonnar – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Serge Tonnar, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.