D'Marianne Koch, gebuer den 19.
August">19. August 1931 zu München, war eng däitsch Schauspillerin. No enger iwwer 20 Joer langer Schauspillercarrière huet si de Beruff gewiesselt, si ass erëm op d'Universitéit gaangen, an huet Medezin studéiert fir duerno Dokter ze ginn.
Marianne Koch | |
---|---|
Gebuer | 19. August 1931 München |
Nationalitéit | Däitschland |
Aktivitéit | Televisiounsmoderateur, Dokter, Internist, Filmschauspiller, Schrëftsteller |
An hirer Filmcarrière huet si mat vill bekannte Regisseuren zesummegeschafft, ënner anerem mam Douglas Sirk, Georges Franju, Helmut Käutner a Sergio Leone.
E puer vun hire bekanntste Filmpartner waren de Gregory Peck, Clint Eastwood, Curd Jürgens an den O. W. Fischer.
Op der Televisoun war si jorelaang feste Member an dem Robert Lembke senger Sendung Was bin ich ?
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Marianne Koch, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.