Dës Säit befaasst sech mam Joer 1931.
D'Joer 1931 huet op engem Donneschdeg ugefaangen.
Evenementer
Gedrécks virun enger Spuerkeess zu Berlin: Héichpunkt vun der Weltwirtschaftskris an Däitschland .
Op der Plaça Sant Jaume zu Barcelona gëtt déi Zweet Spuenesch Republik ausgeruff. Europa 1931/1932: D'Wirtschaftskris an Däitschland ass op hirem Héichpunkt. Et gëtt 70.000 Faillitten a 6 Millioune Leit ouni Aarbecht. 14. Abrëll : A Spuenie gëtt déi Zweet Spuenesch Republik ausgeruff, de Kinnek Alfonso XIII. geet an den Exil. 13. Mee : De Paul Doumer gëtt neie franséische Staatspresident. 31. Juli : No de Parlamentswale vum 28. Juni, bei deenen d'Republikaner an d'Sozialisten d'Majoritéit kruten, gëtt den Alcalá Zamora neie Ministerpresident a Spuenien. 24. August : De Grof Gyula Károlyi gëtt neie Premierminister an Ungarn (bis Okt. 1932). 24. August: De Ramsay MacDonald gëtt neie Premierminister a Groussbritannien (bis 1935). 21. September : Déi brittesch Regierung, déi kuerz virun der Staatsfaillite steet, entbënnt de Wäert vum Pond Sterling vun deem vum Gold ; d'Pond verléiert 30 % u Wäert, ma déi brittesch Wirtschaft gëtt nees méi kompetitiv. 21. Oktober : Nom Récktrëtt vum Alcalá Zamora gëtt de Manuel Azaña neie spuenesche Ministerpresident. 11. Dezember : D'brittescht Parlament hëlt de Statut vu Westminster un, mat deem d'Dominions am British Commonwealth of Nations eng wäit legislativ Autonomie kréien. Kanada , Australien , Neiséiland , Südafrika , Neifundland (zënter 1949 Deel vu Kanada) an den Iresche Fräistaat (méi spéit: Republik Irland ) gi souverän Staaten. 10. Dezember : Den Niceto Alcalá Zamora gëtt zum President vun der Spuenescher Republik gewielt. Afrika Amerika Den Empire State Building USA Südamerika Asien Juli-August: Héichwaasserkatastroph vum Yangtze-Floss a China : Honnertdausende vun Doudesaffer (tëscht 145.000 a 4 Milliounen). 18. September : Japan marschéiert an der Mandschurei (China) an a besetzt se bis Ufank 1932 (Mandschurei-Kris). Ozeanien & Pazifik Arabesch Welt Konscht a Kultur
Kino Molerei Literatur Musek Wëssenschaft an Technik
Sport
Gebuer
14. Juni : Fernand Meyssonnier , leschte franséische Schaarfriichter. 0 5. Januar : Robert Duvall , US-amerikanesche Schauspiller. 0 5. Januar: Alfred Brendel, éisträichesche Pianist. 11. Januar : Armand Bissen , lëtzebuergesche Foussballspiller. 13. Januar : Ian Hendry , englesche Schauspiller. 14. Januar : Caterina Valente, Schauspillerin a Sängerin. 16. Januar : Mathias Hinterscheid , lëtzebuergesche Gewerkschaftler. 16. Januar: Johannes Rau , däitsche Politiker. 17. Januar : James Earl Jones, US-amerikanesche Schauspiller. 18. Januar : Chun Doo-hwan, südkoreanesche President. 19. Januar : Ingrid Andree , däitsch Schauspillerin. 20. Januar : David M. Lee, US-amerikanesche Physiker an Nobelpräisdréier. 22. Januar : Sam Cooke, US-amerikanesche Sänger. 23. Januar : Jean Malget , lëtzebuergesche Geeschtlechen, Lokalhistoriker a Kierchenhistoriker. 25. Januar : Dean Jones , US-amerikanesche Schauspiller. 26. Januar : Mathias Hinterscheid , lëtzebuergesche Gewerkschaftler. 30. Januar : René Putzeys , lëtzebuergesche Politiker. 31. Januar : Hansjörg Felmy , däitsche Schauspiller. 0 1. Februar : Boris Jelzin , russesche Politiker. 0 4. Februar : Ger Maas , lëtzebuergesch Molerin. 0 4. Februar: Isabel Martínez de Perón, argentinesch Presidentin 1974–1976. 0 5. Februar : Vicente Parra , spuenesche Schauspiller 0 7. Februar : François Fug , lëtzebuergesche Schéisser. 0 8. Februar : James Dean , US-amerikanesche Schauspiller. 0 9. Februar : Thomas Bernhard, éisträichesche Schrëftsteller. 0 9. Februar: Imanuel Geiss , däitschen Historiker. 14. Februar : Edouard Molitor , lëtzebuergeschen Diplomat. 15. Februar : Claire Bloom , englesch Schauspillerin. 18. Februar : Toni Morrison , US-amerikanesch Schrëftstellerin an Nobelpräisdréiesch. 20. Februar : Arnold R. Klemola , US-amerikaneschen Astronom. 26. Februar : Henri Serre , franséische Schauspiller. 0 2. Mäerz : Michail Sergejewitsch Gorbatschow , sowjetesche Politiker. 0 2. Mäerz: Tom Wolfe , US-amerikanesche Schrëftsteller. 0 4. Mäerz : Hubert Erang , lëtzebuergeschen Turner. 0 5. Mäerz : Jean-Paul Roussillon , franséische Schauspiller. 0 6. Mäerz : Hal Needham , US-amerikanesche Cascadeur, Filmregisseur, Schauspiller an Dréibuchauteur. 0 8. Mäerz : Neil Postman, US-amerikanesche Mediewëssenschaftler a -kritiker. 0 9. Mäerz : Gilles Perrault , franséische Schrëftsteller, Journalist an Dréibuchauteur. 11. Mäerz : Janosch (Horst Eckert), däitsche Kannerbuchauteur a Schrëftsteller. 11. Mäerz: Rupert Murdoch, australesch-US-amerikanesche Medienentreprener. 18. Mäerz : John Fraser , schottesche Schauspiller. 22. Mäerz : Jacqueline Monsigny , franséisch Schrëftstellerin, Dréibuchauteurin, Schauspillerin an Televisiounsmoderateurin. 22. Mäerz: William Shatner, kanadescher Schauspiller, Sänger, Auteur. 26. Mäerz : Leonard Nimoy , US-amerikanesche Schauspiller. 28. Mäerz : Jeannot Bewing , lëtzebuergesche Kënschtler. 0 1. Abrëll : Nadine Basile , franséisch Schauspillerin. 0 2. Abrëll : Joseph Joffo : franséische Schrëftsteller, Dréibuchauteur a Schauspiller. 10. Abrëll : Luís Cabral , Politiker aus Guinea-Bissau. 11. Abrëll : Nelly Kaplan , franséisch Schrëftstellerin, Dréibuchauteurin a Filmregisseurin. 13. Abrëll : Michel Deville , franséische Filmregisseur. 13. Abrëll: Robert Enrico , franséische Filmregisseur an Dréibuchauteur. 13. Abrëll: Manfred Purzer , däitsche Journalist, Filmregisseur an Dréibuchauteur. 16. Abrëll : Maurizio Pradeaux , italieenesche Filmregisseur an Dréibuchauteur. 15. Abrëll : Tomas Tranströmer , schweedeschen Dichter a Literatur-Nobelpräisdréier. 15. Abrëll: Pierre Vaneck , franséische Schauspiller. 17. Abrëll : Bill Ramsey , däitsch-US-amerikanesche Museker, Sänger a Schauspiller. 0 3. Mee : Jules Meurisse , lëtzebuergesche Foussballspiller. 10. Mee : Ettore Scola , italieenescher Regisseur an Dréibuchauteur. 16. Mee : Yvonne Stoffel-Wagner , lëtzebuergesch Turnerin. 18. Mee : Adalbert Boros , ungareschen Ingenieur. 19. Mee : Tom Toelle , däitsche Filmregisseur. 24. Mee : Michael Lonsdale , franséische Schauspiller 28. Mee : Carroll Baker , US-amerikanesch Schauspillerin. 0 3. Juni : Françoise Arnoul , franséisch Schauspillerin. 0 3. Juni: Raúl Castro , kubanesche Politiker. 0 5. Juni : Jacques Demy , franséische Filmregisseur. 0 8. Juni : Dana Wynter , brittesch Schauspillerin. 10. Juni : João Gilberto , brasilianesche Gittarist, Sänger a Komponist. 11. Juni : Victor Heinen , lëtzebuergesche Foussballspiller. 14. Juni : Fernand Meyssonnier , leschte franséische Schaarfriichter. 14. Juni: Jr. Walker, amerikaneschen Tenorsaxophonist. 15. Juni : Ingrid van Bergen , däitsch Schauspillerin. 18. Juni : Fernando Henrique Cardoso, brasilianesche Soziolog a Politiker. 20. Juni : Olympia Dukakis , US-amerikanesch Schauspillerin. 20. Juni: Martin Landau , US-amerikanesche Schauspiller. 24. Juni : Maurice Sarfati , franséische Schauspiller. 25. Juni : Vishwanath Pratap Singh, indesche Premierminister. 0 1. Juli : Leslie Caron, franséisch Dänzerin a Schauspillerin. 0 4. Juli : Jean Dondelinger , lëtzebuergeschen Diplomat a Politiker. 0 4. Juli: Stephen Boyd , amerikanesche Schauspiller. 0 4. Juli: Sébastien Japrisot , franséischen Auteur a Filmregisseur. 0 6. Juli : Antonella Lualdi , italieenesch Schauspillerin. 10. Juli : Alice Munro , kanadesch Schrëftstellerin a Literatur-Nobelpräisdréisch. 11. Juli : Christiane Minazzoli , franséisch Schauspillerin. 11. Juli: Asca Rampini , lëtzebuergesche Komponist. 15. Juli : Alessandro Maggiolini , italieenesche Geeschtlechen a Bëschof. 16. Juli : Henri Losch , lëtzebuergeschen Auteur a Schauspiller. 23. Juli : Jan Troell , schweedesche Filmregisseur. 24. Juli : Ermanno Olmi , italieenesche Filmregisseur an Dréibuchauteur. 30. Juli : Dominique Lapierre, franséische Schrëftsteller. 31. Juli : Ivan Rebroff , däitsche Sänger. 0 2. August : Ruth Maria Kubitschek, däitsch Schauspillerin. 0 6. August : Umberto Lenzi , italieenesche Filmregisseur an Dréibuchauteur. 0 8. August : Roger Penrose , brittesche Physiker a Mathematiker. 0 9. August : Jängy Schmit , lëtzebuergesche Vëlossportler an Tour-de-France-Fuerer. 0 9. August : Mário Zagallo, brasilianesche Foussballspiller. 10. August : Renate Holm , däitsch Sopranistin a Schauspillerin. 12. August : Johnny Lucas , lëtzebuergesche Kanut. 12. August: William Goldman , US-amerikaneschen Dréibuchauteur a Schrëftsteller. 17. August : Nicolas Gessner , ungaresche Filmregisseur. 19. August : Marianne Koch , däitsch Schauspillerin. 20. August : Bernd Becher , däitsche Fotograf. 23. August : Laure Hammes-Quittelier , belsch Grafikerin. 26. August : Ann E. Todd , amerikanesch Schauspillerin. 0 3. September : Guy Spitaels , belsche Politiker. 0 5. September : Moshé Mizrahi , israeelesche Filmregisseur an Dréibuchauteur. 13. September : Erny Brenner , lëtzebuergesche Foussballspiller. 14. September : Benny Berg , lëtzebuergesche Gewerkschaftler a Politiker. 17. September : Anne Bancroft , amerikanesch Schauspillerin. 19. September : Jean-Claude Carrière, franséischen Dréibuchauteur a Schrëftsteller. 20. September : Gilbert Trausch , lëtzebuergeschen Historiker. 20. September: Haya Harareet , israeelesch Schauspillerin. 21. September : Larry Hagman , US-amerikanesche Schauspiller. 22. September : Edmond Wagner , lëtzebuergesche Philosophieprofesser, Philosoph an Auteur. 22. September: Fay Weldon , brittesch Autorin a Feministin. 25. September : Théo Kemp , lëtzebuergesche Foussballspiller. 27. September : Freddy Quinn , éisträichesche Schlagersänger. 27. September: Edward Meeks , US-amerikanesche Schauspiller. 29. September : James Cronin , US-amerikanesche Physiker. 29. September: Anita Ekberg , schweedesch Schauspillerin. 30. September : Angie Dickinson , US-amerikanesch Schauspillerin. 0 3. Oktober : Ernest Jann , lëtzebuergesche Foussballspiller. 0 6. Oktober : Nikolai Stepanowitsch Tschernych , russeschen Astronom. 0 7. Oktober : Desmond Tutu , südafrikanesche Bëschof a Friddensnobelpräisdréier. 14. Oktober : Fabrizio Cocchia , italieeneschen Architekt. 15. Oktober : A. P. J. Abdul Kalam , indesche Wëssenschaftler a Staatspresident. 19. Oktober : John le Carré , englesche Schrëftsteller. 20. Oktober : Fernand Salentiny , lëtzebuergeschen Auteur. 23. Oktober : Bruno Corbucci , italieenesche Filmregisseur. 23. Oktober: Diana Dors , brittesch Schauspillerin. 25. Oktober : Annie Girardot , franséisch Schauspillerin. 27. Oktober : Jos Hilger , lëtzebuergeschen Ekonomist 29. Oktober : Franco Interlenghi , italieenesche Schauspiller. 29. Oktober: Tibet , franséische Comicauteur an -zeechner. 0 2. November : Gérard Barray , franséische Schauspiller. 0 3. November : Monica Vitti , italieenesch Schauspillerin.. 0 5. November : Jacques Speck , lëtzebuergesche Foussballspiller. 0 5. November: Ike Turner , US-amerikanesche Museker. 0 5. November: Marie-Paule von Roesgen , lëtzebuergesch Schauspillerin. 0 6. November : Mike Nichols , US-amerikanesche Theater- a Filmregisseur. 0 9. November : Paolo Taviani , italieenesche Filmregisseur an Dréibuchauteur. 26. November : Adrianus Simonis , Kardinol an Äerzbëschof vun Utrecht 28. November : Tomi Ungerer , franséischen Zeechner, Graphiker an Illustrateur. 30. November : Bruce C. Murray , US-amerikanesche Geolog a Planetolog. 0 3. Dezember : Mars Schmit , lëtzebuergesche Konschtprofesser a Moler. 0 5. Dezember : Romolo Guerrieri , italieenesche Filmregisseur. 0 9. Dezember : Raymond Jacobs , lëtzebuergesche Vëlossportler. 10. Dezember : Luciano Tesi , italieeneschen Astronom. 11. Dezember : Iván T. Berend , ungareschen Historiker. 11. Dezember: Rita Moreno , puerto-ricanesch Schauspillerin. 11. Dezember: Étienne Périer , belsche Filmregisseur. 13. Dezember : Giorgio Ardisson , italieenesche Schauspiller. 18. Dezember : Gunnel Lindblom , schweedesch Schauspillerin a Filmregisseurin. 21. Dezember : Moira Orfei , italieenesch Zirkusdirektesch a Schauspillerin. Gestuerwen
0 3. Januar : Joseph Joffre, franséische Generol. 23. Januar : Anna Pawlowna Pawlowa , russesch Dänzerin. 11. Februar : Jean Philippe Wagner , lëtzebuergesche Schoulmeeschter a Professer. 27. Februar : Erich Wasmann , Jesuitt an Entomolog. 11. Mäerz : Friedrich Wilhelm Murnau , däitsche Regisseur. 0 1. Abrëll : Karl Wilhelm Valentiner , däitschen Astronom. 0 9. Abrëll : Jules Salentiny , lëtzebuergesche Forstingenieur. 27. Abrëll : Guillaume Capus , lëtzebuergesch-franséischen Naturfuerscher an Entdeckungsreesenden. 29. Abrëll : Nicolas Klein , lëtzebuergesche Politiker. 12. Mee : Eugène Ysaÿe, belsche Violonist a Komponist. 20. Mee : Damien Bourg , belschen Offizéier vu lëtzebuergescher Ofstamung 0 5. Juni : Solon Irving Bailey , US-amerikaneschen Astronom. 0 9. Juni : William Frederick Denning , britteschen Astronom. 12. Juli : Nathan Söderblom, schweedeschen Theolog a Friddensnobelpräisdréier. 18. August : Pierre Kappweiler , lëtzebuergesche Politiker. 26. August : Edouard Conzemius , lëtzebuergeschen Ethnolog. 10. Oktober : Théodore Pescatore , lëtzebuergeschen Entreprener, Autoconstructeur. 18. Oktober : Thomas Alva Edison , US-amerikaneschen Erfinder. 21. Oktober : Arthur Schnitzler, éisträichesche Schrëftsteller. 0 2. November : Arthur Herchen , lëtzebuergesche Pedagog an Historiker. 13. November : Joseph-Alexandre Muller , lëtzebuergesche Komponist. 28. Dezember : Curt von François , däitsche Militär. 0 0 0 Joseph Bertrand , belschen Offizéier. Um Spaweck Referenzen
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article 1931 , which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0") ; additional terms may apply (view authors ). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses. ®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.