D'Alice Munro, gebuer den 10.
Juli">10. Juli 1931 als Alice Ann Laidlaw zu Wingham, Ontario, Kanada, ass eng kanadesch Schrëftstellerin a Literaturnobelpräisdréierin, där hiert Wierk méi wéi 150 Kuerzgeschichten ëmfaasst. D'Alice Munro huet d'Struktur vun de Kuerzgeschichte revolutionéiert. D'Geschichten, déi sech duerch e sproochleche Fäischlëff auszeechnen, fänken dacks op enger onerwaarter Plaz un, duerno gëtt d'Erzielung chronologesch hannerzeg oder vijenzeg entwéckelt,.
Alice Munro | |
---|---|
Gebuertsnumm | Alice Ann Munro |
Gebuer | 10. Juli 1931 |
Nationalitéit | Kanada |
Aktivitéit | Schrëftsteller, Dréibuchauteur, Romancier, Novellist, Journalist |
Member vun | American Academy of Arts and Sciences, Royal Society of Literature |
Mat hire Geschichte knäppt d'Munro un déi angelsächseg Traditioun vun der Short Story un a gëtt dacks mat Anton Tschechow, engem russesche Meeschter vun där Form, verglach. A Kanada an am engleschsproochege Raum ass d'Alice Munro eng Bestsellerautorin. Si gouf mat ville Präisser ausgezeechent, ënner anerem 2009 mam Man Booker International Prize an 2013 mam Nobelpräis fir Literatur,.
D'Alice Munro ass als dat eelst vun dräi Gesëschter op enger Fuussefarm zu Wingham, tëscht Toronto an Detroit, am Süde vun der Provënz Ontario op d'Welt komm. Wéi si zéng Joer al war, krut hir Mamm eng rar Form vun der Parkinson-Krankheet.
Tëscht 1949 an 1951 huet d'Munro mat enger Bourse Journalismus op der University of Western Ontario studéiert. Aus finanzielle Grënn huet si hire Studium awer ofgebrach.
Si huet dunn den James Munro bestuet an tëscht 1953 an 1966 véier Kanner op d'Welt gesat. Déi zweet Duechter ass kuerz no der Gebuert gestuerwen. 1963 sinn d'Alice an den James Munro op Victoria op Vancouver Island op der kanadescher Westküst geplënnert an hunn do eng Librairie opgemaach déi haut nach besteet.
1972 huet d'Alice Munro hire Mann verlooss a si ass 1976 mam Geograph Gerold Fremlin bestuet ginn. D'Koppel ass op Clinton (Ontario) geplënnert. De Fremlin ass am Abrëll 2013 gestuerwen.
Der Munro hir eelst Duechter, Sheila Munro, huet 2002 hir Kandheetserënnerungen a Lives of Mothers & Daughters: Growing Up With Alice Munro publizéiert.
Tëscht 1968 an 2012 huet d'Alice Munro 14 Kuerzgeschichtesammlunge publizéiert
Zousätzlech goufen op d'mannst dës fënnef Sammelbänn publizéiert:
Commons: Alice Munro – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Alice Munro, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.