Dës Säit befaasst sech mam Joer 1976.
D'Joer 1976 huet op engem Donneschdeg ugefaangen. Et war e Schaltjoer.
Evenementer
Europa
Lëtzebuerg
- 30. Mee: Bei enger Serie vu Gasexplosiounen am Pafendall kommen 3 Leit ëm d'Liewen, iwwer 20 ginn der zum Deel schwéier blesséiert, an eng ganz Rëtsch Haiser zerstéiert oder onbewunnbar.
- 18. Dezember: 10.000 Leit bedeelege sech un engem Streik fir d'Vollbeschäftegung.
Afrika
- 16. Juni: Brutal Nidderschloen duerch Police an Arméi vun enger friddlecher Manifestatioun vu Schüler zu Soweto a Südafrika, déi géint d'Aféiere vun Afrikaans als Unterrechtsprooch protestéiert hunn (Opstand vu Soweto).
- 29. Juni: D'Seychellen ginn onofhängeg.
Amerika
USA
Südamerika
Asien
Ozeanien & Pazifik
Arabesch Welt
Konscht a Kultur
Wëssenschaft an Technik
Sport
Foussball
- D'Jeunesse Esch gewënnt den nationale Foussballchampionnat an d'Coupe de Luxembourg.
- 27. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Esch-Uelzecht 0:2 géint Frankräich.
- 24. Abrëll: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Lier 0:3 géint Belsch.
- 21. August: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Reykjavík 1:3 géint Island. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet den Nico Braun geschoss.
- 22. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Helsinki, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1978, 1:7 géint Finnland. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Gilbert Zender geschoss.
- 16. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1978, 1:4 géint Italien. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet den Nico Braun geschoss.
- 10. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zur Déifferdeng 0:4 géint Belsch.
Gebuer
- 04. Januar: August Diehl, däitsche Schauspiller.
- 04. Januar: Patrick Schiltz, lëtzebuergesche Basketballspiller.
- 08. Januar: Christian Lavey, lëtzebuergeschen Zauberkënschtler.
- 14. Januar: Benoît Joachim, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 21. Januar: Emma Bunton, brittesch Sängerin.
- 23. Januar: Vincenzo Centrone, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 23. Januar: Roland Bosco, lëtzebuergesche Volleyballspiller.
- 01. Februar: Katrín Jakobsdóttir, islännesch Politikerin.
- 17. Februar: Fred Neuen, lëtzebuergesche Filmproduzent.
- 24. Februar: Yuval Noah Harari, israeeleschen Historiker an Auteur.
- 25. Februar: Martine Schaul, lëtzebuergesch Basketballspillerin.
- 01. Mäerz: Michéle Walerich, lëtzebuergesch Kënschtlerin.
- 08. Mäerz: Freddie Prinze jr., US-amerikanesche Schauspiller.
- 16. Mäerz: Zhu Chen, chineesesch Schachgroussmeeschterin.
- 18. Mäerz: Malou Kerger, lëtzebuergesch Basketballspillerin.
- 20. Mäerz: Chester Bennington, Sänger vun der Band Linkin Park
- 21. Mäerz: Héloïse Bock, lëtzebuergesch Affekotin a Member vum Staatsrot.
- 25. Mäerz: Wladimir Klitschko, ukrainesche Boxer.
- 29. Mäerz: Marc Vanacker, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 03. Abrëll: Ulrika Babiaková, slowakesch Astronomin.
- 24. Abrëll: Juan Manuel Gárate, spuenesche Vëlossportler.
- 27. Abrëll: Paul Manderscheid, lëtzebuergesche Volleyballspiller.
- 14. Mee: Tom Jungen, lëtzebuergesche Politiker a Gewerkschaftler.
- 08. Juni: Nancy Weiland, lëtzebuergesch Molerin.
- 18. Juni: Maxim Alexandrowitsch Galkin, russesche Parodist an Entertainer.
- 24. Juni: Julija Borissowna Nawalnaja, russesch Economistin an Aktivistin.
- 03. Juli: Ralph Diseviscourt, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 30. Juli: Nikolai Kinski, franséisch-US-amerikanesche Schauspiller.
- 01. August: Iván Duque, kolumbianesche Politiker.
- 04. August: Linda Eischen, lëtzebuergesch Konschthistorikerin.
- 05. August: Yves Braun, lëtzebuergesche Basketballspiller.
- 06. August: Sonja Kmec, lëtzebuergesch Historikerin.
- 13. August: Laurent Felten, lëtzebuergeschen Organist an Cembalist.
- 15. August: Irina Mazjoukhina, lëtzebuergesch Basketballspillerin.
- 25. August: Patricia Huijnen, lëtzebuergesch Volleyballspillerin.
- 26. August: Gaby Keilen, lëtzebuergesch Basketballspillerin.
- 27. August: Mark Webber, F1-Pilot.
- 11. September: Marc Wilwert, lëtzebuergesche Fotograf.
- 24. September: Claude Lamberty, lëtzebuergesche Politiker.
- 26. September: Michael Ballack, däitsche Foussballspiller.
- 27. September: Francesco Totti, italieenesche Foussballspiller.
- 18. Oktober: Dirk Bockel, lëtzebuergeschen Triathleet.
- 29. Oktober: Xu Yuhua, chineesesch Groussmeeschterin.
- 02. November: Raquel Barreira, portugisesch Sängerin.
- 05. November: Diane Becker, lëtzebuergesch Basketballspillerin.
- 15. November: Virginie Ledoyen, franséisch Schauspillerin a Mannequin.
- 16. November: Pierre Hansen, lëtzebuergesche Museker, Schauspiller, Dréibuchauteur a Filmregisseur.
- 29. November: Chadwick Boseman, US-amerikanesche Schauspiller.
- 22. November: Ville Valo, finnesche Rockmuseker (HIM).
- 08. Dezember: Sandro Berettini, lëtzebuergeschen Handballspiller.
- 09. Dezember: Booba, franséische Rapper.
- 09. Dezember: Sumo, däitsche Graffiti-Artist a Moler.
- 23. Dezember: Martine Anne Breisch, lëtzebuergesch Schauspillerin.
Gestuerwen
- 04. Januar: Rudolf Minkowski, däitsch-amerikaneschen Astrophysiker.
- 08. Januar: Zhou Enlai, chineesesche Politiker.
- 09. Januar: Germaine Michel, franséisch Filmschauspillerin.
- 12. Januar: Agatha Christie, brittesch Schrëftstellerin.
- 21. Januar: Josy Polfer, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 25. Januar: Johannes Meyer, däitsche Filmregisseur.
- 17. Februar: Jean Servais belsche Schauspiller.
- 01. Februar: Werner Heisenberg, däitsche Physiker an Nobelpräisdréier.
- 01. Februar: Jules Prussen, lëtzebuergesche Philosophieprofesser.
- 04. Februar: Pit Schneider, lëtzebuergesche Fotograf an Auteur.
- 11. Februar: Lee J. Cobb, US-amerikanesche Schauspiller.
- 23. Februar: Nicolas Huberty, lëtzebuergeschen Dokter a Resistenzler.
- 25. Februar: Paul May, däitsche Filmregisseur, Filmproduzent an Dréibuchauteur.
- ? Februar: Tommy Dallimore, britteschen Trompettist.
- 01. Mäerz: Albert Neumann, lëtzebuergeschen Turner an Olympionik.
- 02. Mäerz: Kirsten Heiberg, norwegesch Shauspillerin a Sängerin.
- 17. Mäerz: Luchino Visconti, italieenesche Filmregisseur.
- 18. Mäerz: Nicolas Margue, lëtzebuergesche Politiker.
- 24. Mäerz: Bernard Montgomery, brittesche Feldmarschall.
- 01. Abrëll: Max Ernst, däitsche Moler, Dadaismus & Surrealismus.
- 05. Abrëll: Howard Hughes, US-amerikanesche Pilot, Fligerbauer, Filmproduzent a Misanthrop.
- 15. Abrëll: Nicolas Amato, franséische Schauspiller.
- 20. Abrëll: Arno Stoffels, lëtzebuergesche Moler.
- 21. Abrëll: Léonide Moguy, franséische Filmregisseur.
- 22. Abrëll: Jos Kirpes, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 25. Abrëll: Carol Reed, brittesche Filmregisseur a -produzent.
- 02. Mee: Jean Muller, lëtzebuergesche Resistenzler.
- 09. Mee: Ulrike Meinhof, Journalistin a Matgrënnerin vun der Rouder Arméi Fraktioun.
- 24. Mee: Karl Hugo Wieslander, schweedesche Liichtathleet.
- 26. Mee: Martin Heidegger, däitsche Philosoph.
- 31. Mee: Jules Krüger, lëtzebuergesche Komponist.
- 06. Juni: Jean Paul Getty, US-amerikaneschen Industriellen a Konschtmäzen.
- 13. Juni: Jos Koetz, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 25. Juni: Joseph Wolter, lëtzebuergeschen Affekot a President vum 'Sequester'.
- 07. Juli: Gustav Heinemann, däitsche Politiker.
- 18. Juli: Lucie Mannheim, däitsch Schauspillerin.
- 20. Juli: Guy de la Vasselais, franséische Colonel.
- 22. Juli: Rodolfo Zilli, italieenesche Moler a Sculpteur.
- 29. Juli: Jos Krecké, lëtzebuergeschen Turner an Olympionik.
- 0? August: Théo Jeitz, lëtzebuergeschen Turner an Olympionik.
- 02. August: Fritz Lang, éisträichesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 05. August: Pierre Foucaud, franséische Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 10. August: Lambert Schaus, lëtzebuergesche Politiker an Diplomat.
- 17. August: Pierre Schmol, lëtzebuergeschen Dokter an Direkter vum Staatslaboratoire.
- 22. August: Juscelino Kubitschek, brasilianesche Politiker a Staatspresident.
- 09. September: Mao Zedong, chineesesche Politiker.
- 10. September: Dalton Trumbo, US-amerikanesche Regisseur an Dréibuchauteur.
- 12. September: Mathias Reckinger, lëtzebuergesche Moler a Sculpteur.
- 14. September: Emile Burggraff, lëtzebuergesche Journalist a Politiker.
- 01. Oktober: Gust van Werveke, lëtzebuergesche Journalist.
- 20. Oktober: Andrée Viénot, franséisch Politikerin.
- 25. Oktober: Raymond Queneau, franséische Schrëftsteller an Dichter.
- 04. November: Massimo Dallamano, italieenesche Kameramann, Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 15. November: Jean Gabin, franséische Schauspiller.
- 18. November: Man Ray, US-amerikanesche Fotograf a Moler.
- 23. November: André Malraux, franséische Schrëftsteller a Politiker.
- 23. November: Pierre Hemmer, lëtzebuergesche Leefer an Olympionik.
- 24. November: Ernest Wurth, lëtzebuergesche Moler a Jurist.
- 25. November: Will Ollinger, lëtzebuergeschen Architekt.
- 30. November: Fritz Rasp, däitsche Schauspiller.
- 01. Dezember: Jane Marken, franséisch Schauspillerin.
- 02. Dezember: Jane Marnac, belsch Schauspillerin.
- 04. Dezember: Benjamin Britten, englesche Komponist, Dirigent a Pianist.
- 08. Dezember: Albert Borschette, lëtzebuergeschen Diplomat a Schrëftsteller.
- 14. Dezember: Alphonse Willems, lëtzebuergesche Cheemiker.
- 14. Dezember: Donald Howard Menzel, US-amerikaneschen Astronom an Ufolog.
- 22. Dezember: Paul Weber, lëtzebuergeschen Historiker a Schrëftsteller.
- 24. Dezember: Gianni Graglia, italieenesch-lëtzebuergesche Vëlossportler.
Um Spaweck
Referenzen
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article 1976, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.