Yuval Noah Harari: Israeeleschen Historiker

De Yuval Noah Harari, gebuer de 24.

Februar">24. Februar 1976 zu Kiryat-Ata an Israel, ass en Historiker a Geschichtsprofesser op der hebräescher Universitéit zu Jerusalem. Hien ass e Bestseller-Auteur, dee weltwäit bekannt gouf duerch seng populärwëssenschaftlech Trilogie "Eine kurze Geschichte der Menschheit", "Homo Deus – Eine Geschichte von Morgen" an "21 Lektionen für das 21. Jahrhundert".

Yuval Noah Harari
Yuval Noah Harari: Israeeleschen Historiker
Gebuertsnumm יובל נח הררי
Gebuer 24. Februar 1976
Kirjat Ata
Nationalitéit Israel
Educatioun Jesus College,
Hebräesch Universitéit Jerusalem
Aktivitéit Historiker, Medievist, populärwëssenschaftlechen Auteur, Militärhistoriker, Philosoph, Schrëftsteller
Yuval Noah Harari: Israeeleschen Historiker

Den Harari huet vun 1993 bis 1998 op der hebräescher Universitéit zu Jerusalem Geeschteswëssenschaften studéiert an huet sech op d'Geschicht vum Militär am Mëttelalter spezialiséiert. Hien huet dunn um Jesus College op der Oxford Universitéit promovéiert. Am Joer 2002 krut hien den Doktertitel fir seng Aarbecht "History and I. War and the Relations between History and Personal Identity in Renaissance Military Memoirs, c. 1450–1600". Säit 2005 enseignéiert den Harari op der hebräescher Universitéit zu Jerusalem. Hien huet sech mat groussen Entwécklungen vun der Mënschheetsgeschicht auserneegesat, dobäi ass säi Buch "Eine kurze Geschichte der Menschheit" (Titel vun der däitscher Iwwersetzung, d'Original ass op Hebräesch) entstanen. Dëst Buch gouf weltwäit a bal 50 Sproochen iwwersat. Opbauend op deem Erfolleg huet den Harari nach zwee weider Bicher erausbruecht, déi an Tëscht och als Comics adaptéiert goufen. Am Joer 2017 gouf säi Buch "Homo Deus" an Däitschland "Wissensbuch des Jahres" a war och Gewënner beim Deutschen Wirtschaftsbuchpreis. Den Harari lieft vegan a setzt sech ënnert anerem och an géint d'Massendéierenhaltung.

A senge Bicher beliicht den Harari net nëmmen d'Geschicht vun der Mënschheet, mee hie liwwert och een Ausbléck op dat, wat senger Usiicht no nach komme wäert. Dobäi setzt hie sech ausernee mat den Auswierkungen vun der digitaler Revolutioun a mat der Biotechnologie. D'Receptioun vu senger Aarbecht ass gedeelt. Engersäits huet den Harari vill Leit bis hin zu Spëtzepolitiker duerch säi Storytelling inspiréiert, anerersäits kritt hien aus méi akademesche Kreesser och reprochéiert, datt hie sech mat senge ganz allgemeng formuléierten Theesen enger wëssenschaftlecher Iwwerpréiwung duerch Spezialiste géif entzéien.

Um Spaweck

Commons: Yuval Noah Harari – Biller, Videoen oder Audiodateien

Tags:

197624. FebruarIsraelJerusalem

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

Bungerëffer MillenMars ExpressBenjamin KruithofLeipzigCampus GeesseknäppchenLéon LavalSex198610. JanuarGemeng MunnerefUS-Dollar4. JuliKonscht19. AbrëllBouferLucien ThielSpuenienWäissrusslandHaaptsäitIrlandLéon GlodenSozialdemokratische Partei DeutschlandsGemeng HelperknappGemeng MäertertFeilBlo1829Lëscht vun de lëtzebuergesche Spréchwierder19. SeptemberJapanNFoussball-WeltmeeschterschaftNivellement général du LuxembourgCactusHei elei, kuck eleiPaul RicoeurZweete WeltkrichMuttergottesoktavÉmile Krier (1949)HauskazJuegd zu LëtzebuergDavid GoldrakeLondonGérard ClaudeKlierf1989Waldbëlleger AffärDie WarteCFL 3600Jean-Baptiste NeuensMichel GehrendRussesch-Ukrainesche KrichWikiNaturschutzgebitt SaueruechtCôte de Stockeu2002Christophe HansenDem Mich seng KichenJhemp HoscheitBitcoinWikipediaClaude Christnach2008Norbert Campagna2000Guy RewenigLëscht vun de Lëtzebuerger GemengenChicagoHaaptsäit/Artikel vun der WochVereenegt KinnekräichKleeschen🡆 More