De Bitcoin ass eng sougenannt Kryptowärung, an anere Wierder handelt et sech ëm digitaalt Geld.
Am Géigesaz zu den etabléierten, staatleche Wärunge wéi den Dollar, den Euro asw., entsteet de Bitcoin dezentral a gëtt vu kengem Staat direkt kontrolléiert.
De Bitcoin ass 2008 op Basis vun der sougenannter Blockchain entstanen. D'Entstoe vum Bitcoin bleift bis haut ëmginn vum Rätsel ëm d'Identitéit vun enger Persoun (oder enger Grupp) mam Numm Satoshi Nakamoto. Doduerch datt am Laf vun de Joren ëmmer méi Leit sech Bitcoins zougeluecht hunn, ass de Wäert vun dëser Wärung op eng phenomenal Manéier an d'Luucht gaangen. Persounen, déi viru Jore Bitcoins kaaft a gehalen hunn, konnten hiren Asaz verzegfachen. Am Kontrast zu den etabléierte Wärungen, déi op Stabilitéit ausgeluecht sinn, ass de Bitcoin awer staark volatil. Säi Cours kann a kuerzer Zäit staark klammen oder falen. Obwuel de Bitcoin populär ass, konnt e sech bis op Ausnamen no iwwer engem Joerzéngt Bestoen awer nach ëmmer net als etabléiert Wärung, fir am Alldag weltwäit ze bezuelen, duerchsetzen.
De Bitcoin, grad wéi eng Hellewull weider kryptografesch Wärungen, déi och op Basis vu Blockchain enstane sinn, huet bis haut seng Verfechter, mee awer och seng Kritiker. De legale Status vu Kryptowärungen ass och weiderhin ëmstridden.
Commons: Bitcoin – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Bitcoin, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.