Dës Säit befaasst sech mam Joer 1870.
Evenementer
Europa
Lëtzebuerg
- D'Brasseurs Schmelz zu Esch gëtt gegrënnt.
- 15. Mäerz: Gesetz iwwer Konzessioune fir Minett ofzebauen. Minett, déi aus enger Déift vu méi wéi 6 Meter ënner dem Buedem gefërdert gëtt, muss an enger Schmelz zu Lëtzebuerg verschafft ginn.
- 07. Mee: 12 Doudeger bei engem Zuchongléck an der Dummeldenger Gare, wéi e Marchandisenzuch op e Persounenzuch geknuppt ass, deen do stoung.
- 28. Juni: Mat der Philippine Baronne de Reinach, der Duechter vun der Baronne Louise de Reinach-Mohr de Wald, stierft déi lescht Nokomme vun der adeleger]] Famill Mohr de Wald, déi zanter dem Mëttelalter zu Lëtzebuerg gewunnt hunn.
- 27. Juli: Lëtzebuerg gëtt vum Poopst Pius IX. zum Bistum erhuewen, ouni datt d'Regierung doriwwer informéiert gi war.
- 22. August: D'Lëtzebuerger Post féiert d'Korrespondenzkaart an.
- 25. Dezember: Deen éischte Bëschof vu Lëtzebuerg, den Nicolas Adames, gëtt inthroniséiert.
Afrika
Amerika
USA
Südamerika
Asien
Ozeanien & Pazifik
Arabesch Welt
Konscht a Kultur
Wëssenschaft an Technik
Gebuer
- Albert Breisch, lëtzebuergesche Goldschmadd.
- Thomas Pierrepoint, brittesche Schaarfriichter.
- Sydney Samuel Hough, britteschen Astronom.
- 02. Januar: Ernst Barlach, däitsche Sculpteur, Graphiker an Dichter.
- 29. Januar: Auguste Praum, lëtzebuergeschen Dokter an Direkter vum Staatslaboratoire.
- 06. Mäerz: Maurice Pescatore, lëtzebuergeschen Industriellen a Politiker.
- 10. Mäerz: Eugène Michel Antoniadi, griicheschen Astronom.
- 12. Mäerz: Damien Bourg, belschen Offizéier vu lëtzebuergescher Ofstamung
- 16. Mäerz: DeLisle Stewart, US-amerikaneschen Astronom.
- 25. Mäerz: Arnold Schwassmann, däitschen Astronom.
- 30. Abrëll: Franz Lehár, éisträichesch-ungaresche Komponist.
- 19. Mee: Albert Fish, amerikanesche Seriemäerder.
- 13. Juni: Jules Bordet, belsche Bakteriolog an Immunolog; Nobelpräisdréier.
- 16. Juni: Jean-Pierre Huberty, lëtzebuergesche Moler.
- 24. Juni: Edwin Foster Coddington, US-amerikaneschen Astronom a Mathematiker.
- 29. August: Jean-Pierre Pier, lëtzebuergesche Schoulmeeschter an Auteur.
- 26. September: Christian X., Kinnek vun Dänemark.
- 19. Oktober: Jean-Pierre Koenig, lëtzebuergeschen Architekt an Ingenieur.
- 19. November: Robert Brasseur, lëtzebuergesche Politiker, Affekot a Journalist.
- 19. November: Léon Kinsch, lëtzebuergesche Gemengepolitiker an Deputéierten.
- 03. Dezember: Paul Flesch, lëtzebuergeschen Architekt.
Gestuerwen
- 01. Mäerz: Francisco Solano López, paraguayesche Politiker.
- 17. Mäerz: Pierre Thomas, lëtzebuergesche Geeschtlechen an Deche vun Iechternach
- 08. Juni: Auguste-Antoine Charles, lëtzebuergeschen Industriellen a Banquier.
- 09. Juni: Charles Dickens, englesche Schrëftsteller.
- 23. September: Prosper Mérimée, franséische Schrëftsteller.
- 24. Oktober: Charles Joseph Minard, franséische Bauingenieur, Pionéier vun der Infographik.
- 27. November: Guillaume Herckmans, lëtzebuergesche Wiert a Politiker.
- 01. Dezember: Jean-Mathias Wellenstein, lëtzebuergesche Riichter, Minister, Chamberpresident a Member vum Staatsrot.
- 05. Dezember: Alexandre Dumas (Papp), franséische Schrëftsteller.
Um Spaweck
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article 1870, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.