Den Nicolas Auguste Praum, gebuer den 29.
Januar">29. Januar 1870 an der Stad Lëtzebuerg an do gestuerwen de 6. Juni 1928, war e lëtzebuergeschen Dokter an Direkter vum Staatslaboratoire.
Auguste Praum | |
---|---|
Gebuer | 29. Januar 1870 |
Gestuerwen | 6. Juni 1928 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Schrëftsteller |
Den Auguste Praum huet zu Leipzig, Berlin, Wien a Paräis Medezin studéiert. De 6. Oktober 1894 ass hien als Dokter zu Lëtzebuerg zougelooss ginn an hien huet eng Praxis an d'Stad opgemaach. Hien huet sech awer net domat zefridde ginn a sech am Ausland weidergebilt mat Spezialstudien an der Bakteriologie zu Berlin an dono am Institut Pasteur zu Paräis.
Ufanks 1896 huet d'Regierung de Praum provisoresch als Direkter vum geplangte bakteriologesche Laboratoire auserwielt, deen am Juni 1896 a Betrib hätt solle ginn, de facto awer eréischt vum 1. Januar 1897 funktionéiert huet De Laboratoire war am fréieren Haus Majerus an der rue de Clairefontaine (Badenburgerstraße) installéiert.
Dat war de Virleefer vum Staatslaboratoire, deen duerch d'Gesetz vum 17. Abrëll 1900 ënner dem Numm Laboratoire pratique de bactériologie kreeéiert gouf. De 16. Mee 1900 gouf den Auguste Praum offiziell Direkter vun dëser neier Institutioun genannt. Als nächst huet d'Chamber de 24. Abrëll 1902 de Gesetzprojet fir de Bau vun engem neie Gebai fir de Staatslaboratoire eestëmmeg ugeholl. No laangem Sichen an Diskutéiere gouf vum Directeur général des travaux publics Charles Rischard decidéiert, dat neit Gebai op dem Verluerekascht z'implantéieren. D'Adjudicatioun vun den Aarbechte war am Abrëll 1903, d'Gebai ass 1907 fäerdeg ginn. De Praum war Direkter vum Laboratoire bis zu sengem Doud.
Den Auguste Praum war vun 1897 u Member vun der «Fauna», respektiv Société des naturalistes luxembourgeois (SNL).
Am Joer 1923 gouf hie Membre agrégé vun der wëssenschaftlecher Sektioun vum Institut grand-ducal. a Membre effectif am Joer 1924
De Praum war vun 1895 bis 1905 Sekretär a vun 1914 bis 1920 President vun der Société des sciences médicales. Hie war och President vum Bureau de bienfaisance vun der Stad Lëtzebuerg a Member vum Verwaltungsrot vum Roude Kräiz. Hie war zënter 1924 Doctor honoris causa vun der Universitéit vun Nanzeg.
De Praum war de President vum Organisatiounscomité vun de Journées de Pasteur, eng grouss opgezunne Feier, mat där Lëtzebuerg am Abrëll 1923 offiziell den 100. Anniversaire vum Louis Pasteur senger Gebuert gefeiert huet.
De Praum war en national an international unerkannte Fachmann. Bei sengem Begriefnes, dat den 9. Juni 1928 an der Stad war, goufe Riede gehale vum Dr. Pierre Schmol, dee säin Nofollger als Direkter vum Staatslaboratoire sollt ginn, dem Dr. Amédée Borrel, Professer zu Stroossbuerg, als Vertrieder vum Institut Pasteur, dem Dr. Louis Spillmann, Doyen vun der Universitéit Nanzeg.
De Praum huet reegelméisseg Rapporten iwwer de Staatslaboratoire erausginn.
Zesumme mam Veterinär Jules Diederich huet hien 1911 eng Broschür iwwer d'Tuberkulos beim Rand a beim Schwäin erausginn, déi se unhand vun de Publikatioune vum däitsche Veterinär Hugo Rautmann (gebuer 1879) zesummegestallt haten, dem Auteur vun, ënner anerem, dem Buch «Die Tuberkulose beim Rind und Schwein und ihre Bekämpfung in der Praxis» (Faber, Magdeburg 1909, Bücherei der 'Landwirtschaftlichen Umschau', Bd. 2).
Zesumme mam Dr. Edmond Knaff huet de Praum 1919 e Code médical mat der gesamter lëtzebuergescher Legislatioun vum Gebitt vun der Medezin an der Hygiène erausginn, eng Publikatioun déi am Juni 1919 am Bulletin vun der Académie de médecine vu Paräis an am Januar 1920 an der Revue internationale de la Croix Rouge gelueft ginn ass.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Auguste Praum, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.