Louis Pasteur

De Louis Pasteur, gebuer de 27.

Louis Pasteur Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Dezember">27. Dezember 1822 zu Dole a Frankräich, a gestuerwen den 28. September 1895 zu Marnes-la-Coquette, war e franséische Wëssenschaftler.

Louis Pasteur
Louis Pasteur
Gebuer 27. Dezember 1822
Dole
Gestuerwen 28. September 1895
Marnes-la-Coquette
Doudesursaach Häerzkollaps
Nationalitéit Frankräich
Educatioun École normale supérieure,
Universitéit vu Paräis
Aktivitéit Chimist, Universitéitsprofesser, Biochimist, Agronom, Naturalist, Biolog, Kënschtler, Botaniker
Member vun Royal Society, Académie française, Accademia Nazionale dei Lincei, American Philosophical Society, National Academy of Sciences, Sankt Petersbuerger Akademie vun de Wëssenschaften, Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften, Ungaresch Wëssenschaftsakdemie, Koninklijke Nederlandse Akademie van Wetenschappen, Académie des sciences, American Academy of Arts and Sciences, Russesch Akademie vun de Wëssenschaften, Serbesch Wëssenschafts- a Konschtakademie, Accademia Nazionale delle Scienze, Académie nationale de médecine
Famill
Bestuet mat Marie Pasteur
Louis Pasteur

Säi Liewen

De Louis Pasteur ass zu Paräis an d'Schoul gaangen an huet do och Physik studéiert. Am Joer 1846 huet hie seng Prüfung an der Physik bestanen. No senger Promotioun ass hien op Dijon, duerno op Stroossbuerg gaangen.

1863 gouf hie Professer fir Naturwëssenschaften zu Paräis an 1867 krut hien eng Plaz als Chimiesprofesser op der Sorbonne.

Hien huet 1888 zu Paräis d'Pasteur-Institut gegrënnt.

Seng Aarbechten

A fréieren Aarbechte konnt hie beweisen, datt de Wäin duerch Bakteerie sauer gëtt an datt et änlech bei der Mëllech wier. Fir datt d'Mëllech méi laang soll gutt bleiwen, huet hien e Procedé entwéckelt, bei dem d'Mëllech ënner Drock op héich Temperaturen erhëtzt gëtt. Dëse Procedé gëtt haut och nach benotzt, et ass déi sougenannt Pasteuriséierung.

De Pasteur huet ausserdeem erkannt, datt verschidde Krankheeten duerch Organismen ausgeléist ginn, déi de Kierper vu baussen ugräifen an e konnt beweisen, datt Mëlzbrand duerch Bakteerien ausgeléist gëtt.

De Pasteur huet d'Impfung géint Tollwut entwéckelt. De 6. Juli 1885 ass a sengem Laboratoire an der rue d'Ulm zu Paräis den 9 Joer alen Elsässer Joseph Meister (1876-1940), dee vun engem rosenen Hond uerg gebass gi war, mat Erfolleg géint d'Tollwut geimpft ginn.

Lëtzebuerg an de Louis Pasteur

Zu Lëtzebuerg ass am Laf vun de Jore bei ënnerschiddleche Geleeënheeten un de Pasteur geduecht ginn:

  • De 17. Oktober 1886 huet de Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg e Subsid vun 1000 Frang fir d'Suskriptioun fir de geplangten "Institut Pasteur" zu Paräis gestëmmt.
  • De 16. Dezember 1922 huet d'Société des naturalistes luxembourgeois den 100. Gebuertsdag vum Pasteur an enger akadeemescher Sëtzung am Atheneum gefeiert.
  • Den 22. an 23. Abrëll 1923 hunn d'Journées de Pasteur an der Stad Lëtzebuerg stattfonnt.
  • 1952 war an der Stad d'Ausstellung La Vie et l'Oeuvre de Pasteur ze gesinn.
  • 1995 konnt een d'Ausstellung Vie et oeuvre de Louis Pasteur am Centre universitaire um Lampertsbierg kucke goen.

Et gëtt och eng Rei Stroossen, déi säin Numm droen:

Um Spaweck

Commons: Louis Pasteur – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

Tags:

Louis Pasteur Säi LiewenLouis Pasteur Seng AarbechtenLouis Pasteur Lëtzebuerg an de Louis Pasteur Um SpaweckLouis Pasteur1822189527. Dezember28. SeptemberFrankräich

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

JéineschClive Donner1940N1916Victor FerrantÄschermëttwochJapanGrand EstJesus vun NazaretRita Sousa LeiteHouschter DécktSankt PéitersbuergNeiséilandNepalDan SpogenInternet Movie DatabaseSapignies28. Mäerz3. JoerhonnertPolitiker18. Abrëll.idCarlo LoudvigEd LauterBenelux-ParlamentBiochimieLuxembourg - NancyLongenentzündungCanon EOS 450DEquatorLëtzebuerger Sozialistesch AarbechterparteiEkonomie1799Burkina FasoTuberkulosBelschSydneyThéophile SchroellAlgerienGrousskazenMethod ManChantal HoffmannValéry Giscard d'EstaingIrakkrichKoran2016Ornella MutiMünchener OfkommesEnglandBastiaWaassergaass (Stad Lëtzebuerg)Gemeng KlierfGiant's Causeway1793WhatsAppBratislava2010Hip-HopLëscht vun de Vullen zu LëtzebuergRTL Télé LëtzebuergRichard SerraEdsunLaurent MoyseNilgänsWassily Kandinsky🡆 More