D'Académie française ass eng franséisch Institutioun fir d'Norméierung an d'Verbesserung vun der franséischer Sprooch.
Dëse Literaturartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Eng vun de Missioune vun der Académie française ass d'Editioun vun engem permanent reaktualiséierten Dictionnaire vun der franséischer Sprooch. Mä si huet och Aufgaben an de Beräicher Grammaire, Rhetorik a Poetik. D'Académie française vergëtt eng ganz Rei vu Literaturpräisser, ë. a. de bekannte Grand prix du roman de l'Académie française.
Si gouf 1635 vum Armand Jean du Plessis, Kardinol de Richelieu (1585-1642) ënner dem Kinnek Louis XIII. gegrënnt. D'Académie besteet aus 40 Memberen, de sougenannten Immortels ("Onstierflechen"). 1980 ass mat der Schrëftstellerin Marguerite Yourcenar fir d'éischt Kéier eng Fra "ënner der Coupole", d. h. an d'Académie française opgeholl ginn.
D'Académie française gehéiert mëttlerweil, mat 4 aneren Académieën (Inscriptions et belles-lettres, Sciences, Beaux-Arts a Sciences morales et politiques), zum Institut de France, deen den 3. Brumaire, Joer IV vun der Republik, duerch d'Konventioun geschaf gouf.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Académie française, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.