06. Mäerz: Bei de Parlamentswalen an der Slowakei gewënnt dem Premier Robert Fico seng SMER Partei déi meescht Stëmmen, verléiert awer d'absolut Majoritéit.
22. Mäerz: 35 Doudeger (plus déi 3 Attentäter) an 340 Blesséierter bei Terror-Attacken um Fluchhafen an am Metro vu Bréissel.
22. Mee: Den Alexander Van der Bellen gëtt am 2. Tour zum neie President vun Éisträich gewielt. Well et zu Onreegelméissegkeete beim Ausziele koum, gëtt d'Wal de 4. Dezember widderholl.
01. Juni: An der Schwäiz gëtt de Gotthard-Basistunnel, mat 57 km Längt de längsten Eisebunnstunnel vun der Welt, a Betrib geholl.
25. Juni: De Guðni Th. Jóhannesson gëtt zum neie Staatspresident vun Island gewielt. Hie gëtt den 1. August vereedegt.
26. Juni: Neiwalen a Spuenien, nodeems d'Parlamentswale vum Dezember 2015 keng regierungsfäeg Majoritéit ervirbruecht hunn. No laangem Gedeessems gëtt de Mariano Rajoy (PP) den 29. Oktober zum Premierminister vun enger Minoritéitsregierung erëmgewielt.
13. Juli: D'Theresa May gëtt zur neier brittescher Premierministesch ernannt.
14. Juli: Zu Nice iwwerrennt e Mann mat engem Camion Dosende vu Leit, déi d'Freedefeier vum Franséischen Nationalfeierdag gekuckt hunn; et gëtt op d'mannst 84 Doudeger an Honnerte vu Blesséierten.
24. August: Bei engem Äerdbiewen an der italieenescher Provënz Rieti stierwen ronn 300 Leit.
13. November: Den Igor Dodon gewënnt am 2. Tour d'Presidentschaftswalen a Moldawien.
22. November: No de Parlamentswale vum 9. an 23. Oktober a Litauen, bei där d'Regierungsparteie staark verluer hunn, gëtt de Saulius Skvernelis (Unioun vun deene Gréngen an de Baueren) als neie Premierminister vereedegt.
04. Dezember: Knapps 60 % vun de Wieler an Italie stëmme bei engem Referendum géint eng Verfassungsännerung, déi vum Matteo Renzi senger Regierung proposéiert gouf; de Renzi trëtt deen Dag drop zeréck.
09. Mee: De Rodrigo Duterte gëtt zum neie President op de Philippinnen gewielt.
24. Mee: Nom Récktrëtt vum Ahmet Davutoğlu gëtt de Binali Yıldırım neie Premierminister an der Tierkei.
15. Juli: Bei engem Putschversuch an der Tierkei duerch Deeler vun der Arméi kommen eng 260 Leit ëm d'Liewen a 1400 ginn der blesséiert. An de Wochen a Méint dono gëllt den Ausnamezoustand; Dausende vu Beamten, Riichter, Enseignanten, Militär oder Medieleit gi verhaft oder entlooss.
26. August: D'Yavuz Sultan Selim Bréck iwwer de Bosporus, déi gréisst Hänkbréck vun der Welt, geet fir de Verkéier op.
16. Januar: Astronome vum California Institute of Technology (Caltech) gi bekannt, datt et mat grousser Warscheinlechkeet e bis ewell onentdeckte planéitenaartegen Himmelskierper um Bord vun eisem Sonnesystem misst ginn, deen de provisoreschen Numm Planéit Néng (Planet nine) krut.
04. Juli: D'Raumsond Juno erreecht den Orbit vum Jupiter, fir vun do aus annerhallef Joer laang de Gasplanéit ze studéieren.
15. Dezember: Den europäesche Satellitten-Navigatiounssystem Galileo hëlt säi reguläre Betrib op.
Sport
10. Juni - 10. Juli: Portugal wënnt mat 1:0 géint Frankräich d'Finall vun der 15. Foussball-Europameeschterschaft vun de Männer a Frankräich.
29. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an engem Frëndschaftsmatch an der Stad Lëtzebuerg 0:2 géint Albanien.
31. Mee: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an engem Frëndschaftsmatch an der Stad Lëtzebuerg 1:3 géint Nigeria, de Vincent Thill huet de Gol fir Lëtzebuerg geschoss.
02. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an engem Frëndschaftsmatch zu Riga 1:3 géint Lettland, den Daniel da Mota huet de Gol fir Lëtzebuerg geschoss.
06. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2018 zu Sofia 3:4 géint Bulgarien, den Aurélien Joachim (2 Goler) an de Florian Bohnert hunn d'Goler fir Lëtzebuerg geschoss.
07. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2018 zu Lëtzebuerg 0:1 géint Schweden.
09. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp spillt an der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2018 zu Borisov 1:1 géint Wäissrussland, de Gol fir d'Lëtzebuerger huet den Aurélien Joachim geschoss.
13. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2018 zu Lëtzebuerg 1:3 géint Holland, de Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Maxime Chanot geschoss.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article 2016, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses. ®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.