Jéinesch (language code: YEC), och Lakersprooch oder Lakerschmus, fréier och alt pejorativ Geheimsprooch genannt, war d'Sprooch vun de Jéinen.
Zu Lëtzebuerg gouf si bis ufanks vum 20. Joerhonnert vun den Händlerfamillje geschwat déi meeschtens zu Weimeschkierch an am Pafendall (Stad Lëtzebuerg) an awer och zu Esch-Uelzecht, um Bolgesteen bei Ettelbréck an am Heischtergronn gewunnt hunn an uechtert d'Land gezu si fir Kreemchen (Parzeläin, Bitzgeschier asw.) géint Lompen an aalt Eisen ze tauschen. Den Ausdrock Lakerte kënnt vun de Lompekréimer, déi sech selwer sou genannt hunn (Laken=Lompen, Dicher). Dës Famille kënnen allgemeng de Jéinen zougerechent ginn, déi a ganz Europa doheem waren, sou och an Holland (Tränteler), Däitschland, Schwäiz, Éisträich a Frankräich bis hin an England an an Irland.
Jéinesch ass eng eegestänneg Sprooch déi keltesch/indoeuropäesch Wuerzelen huet a vill Elementer vun Däitsch, westjiddesch, Romani a Routwelsch matenee verbënnt, woubäi déi ofwiesselnd géigesäiteg Aflëss net kloer sinn.
Jéinesch ass deemno eng Zort Argot, deen awer zu Eech méi oder wéineger och vun den Net-Jéine verstane gouf a wouvu bestëmmt Wierder, wéi beim Argot vun anere Sproochen och, et iwwer Jugend- an Zeenesprooch an den allgemenge Vocabulaire "gepackt" hunn. Dat sougenannt Weimeschkiercher Lakerschmus ass eng regional Variant vum Jéineschen.
D'Lëtzebuerger Jéinesch hat sech awer mat der Zäit gréisstendeels de Flektiounen a Lauter vum Lëtzebuergeschen ugepasst.
Mam Verschwanne vun den Hauséierberuffer an der Verbesserung vun de Liewenskonditiounen ass d'Jéinesch sou gutt wéi a Vergiessenheet geroden. Haut gëtt et awer Initiative vun deene Jéineschen, déi zu Lëtzebuerg 3200 Bierger ausmaachen, hir Kultur an Sprooch ze fleegen. Dozou gehéiert de "Jéinesche Bond Lëtzebuerg" dee Member vum Jenischer Bund in Deutschland und Europa. e. V. ass. Eng aner Initiativ ass d'Gemeinschaft "Kochemer Loschen" déi ënner anerem vum Oliver Kayser matgegrënnt gouf, engem jéinesche Museker a Konschtschafenden. Verschidde Wierder sinn awer haut an der allgemenger Ëmgangssprooch ze fannen, déi bekanntst si sécherlech:
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Jéinesch, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.