Dijon ass eng franséisch Stad an d'Préfecture vum Departement Côte-d'Or an de Chef-Lieu vun der Regioun Bourgogne-Franche-Comté.
Si läit ronn 310 Kilometer südëstlech vu Paräis an 190 Kilometer nërdlech vu Lyon.
| |||||
---|---|---|---|---|---|
Land | Frankräich | ||||
Regioun | Bourgogne-Franche-Comté | ||||
Departement | Côte-d'Or | ||||
Arrondissement | Dijon | ||||
Kanton | Chef-lieu vun 8 Kantonen: Dijon-1 / 2 / 3 / 4 / 5 / 6 / 7 / 8 | ||||
Postcode | 21000 | ||||
Gemengecode | 21231 | ||||
Koordinaten | 47° 17’ 26’’ N 05° 02’ 34’’ O | ||||
Fläch | 4 041 ha | ||||
Bevëlkerung | 153 151 (2007) |
Aktuell ass Dijon d'Gemeng mat de meeschten Awunner am Departement an an der Regioun. 2012 hunn an der Stad 152.071 Leit gewunnt. Déi war domat déi 17 bevëlkerungsräichst Stad a Frankräich. D'Agglomeratioun "Grand Dijon", déi 2000 gegrënnt ginn ass, hat 2011 245.697 Awunner.
Am 14. an am 15. Joerhonnert war Dijon d'Haaptstad vum Herzogtum Bourgogne; dowéinst fënnt een och haut nach e räiche geschichtlechen an architektonesche Patrimoine. Och wéinst sengem gastronomesche Ruff ass Dijon eng touristesch attraktiv Stad ginn.
Wirtschaftlech spillt besonnesch den Déngschtleeschtungssecteur eng bedeitend Roll, mä och als agro-alimentairen Zentrum ass Dijon gutt etabléiert. Sou huet Dijon dem bekannte Moschter der Moutarde de Dijon den Numm ginn an d'Crème de Cassis huet och hir Originnen do.
Zu de bekannte Symboler vun der Stad gehéieren d'Skulptur vun enger Échel op der Flank vun enger Kapell vun der Kierch Notre-Dame an déi vun engem Äisbier den Ours Pompon am Parc Darcy, eng Replique vun enger Skulptur vum François Pompon vun där d'Original vun 1922 am Musée d'Orsay steet.
Commons: Dijon – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Dijon, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.