Um leschte Steiwer, op Franséisch Dernier sol, ass eng Strooss zu Bouneweg an der Stad Lëtzebuerg.
Se verleeft e klengt Stéck parallell mat der Diddenuewener Strooss, mécht dann e Bou a Richtung Norde bis bei d'Rue des Ardennes an dréit dann a Richtung Süd-Westen zeréck op d'Diddenuewener Strooss.
Numm | lb: (Um) Leschte Steiwer |
---|---|
Fréieren Numm | de: Am letzten Stüber |
Längt | ca. 690 m |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Uertschaft | Lëtzebuerg |
Quartier | Bouneweg-Süd |
Postcode | 2543 |
Koordinaten | 49° 35’ 47.22’’ N 06° 08’ 07.8’’ O |
Den Numm vun der Strooss kënnt dohier, datt am 19. Joerhonnert op där Plaz d'Wiertschaft mam Numm "Um leschte Steiwer" (Fr.: Au repos au dernier sol) stoung, wou d'Baueren aus den Nopeschgemengen um Heemwee hire leschte Sou fir e Patt ausginn hunn. Steiwer war eng lëtzebuergesch Bezeechnung fir eng Mënz, déi op Däitsch Stüber, op Hollännesch Stuiver an op Franséisch sou oder sol geheescht huet. Dat zweesproochegt Stroosseschëld huet bis 1940 uginn: „Dernier Sol - Letzten Stüber" (Amtliches Verzeichnis der Strassen der Stadt Luxemburg mitgeteilt vom Strassenbauwesen 194?).
Ënner der däitscher Besatzung (1940 - 1944) huet d'Strooss „Am letzten Stüber” geheescht.
Zanter dem 11. September 2022 fiert d'Linn 1 vum Stater Tram vun der Gare op Bouneweg. Ee vun den Arrêten ass Leschte Steiwer / Dernier sol.
Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Leschte Steiwer, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.