Kachkéis, och alt nach Barekéis oder Buerekéis ass eng Kéisspezialitéit déi een haaptsächlech zu Lëtzebuerg, am Elsass an an der Franche-Comté fënnt.
Och an Éisträich fënnt een de Kachkéis als Steirerkäse mager. E gëtt do als Sauermilchkäse vermaart an et ass dacks Kümmel dran.
Et ass ee more Kéis, deen aus Brach vun entrahmter Koumëllech gemaach gëtt. De Kachkéis ass fréier am net gekachten Zoustand verkaaft ginn, an et huet een e bei sech doheem misse selwer opkachen. Haut gëtt e vu Molkereien als opgekachte Kéis a verschiddenen Zorten op de Maart bruecht. An net gekachtem Zoustand huet de Kéis eng giel-gréngelzeg Faarf.
D'Spezialiste kachen en awer léiwer selwer op, well s'esou selwer den definitive Goût kënne bestëmmen.
Fir de Kéis opzekachen (oder méi korrekt "ze schmëlzen", well en däerf op kee Fall kachen) gëtt et e puer Methoden.
Déi einfachst ass:
De Kachkéis kann op der Schmier einfach sou giess ginn.
Amateure vum Kéis hunn e gär mat Moschter, entweeder mat Moschter um Brout ënner dem Kéis, oder op dem Kéis.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Kachkéis, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.