Den Ypsilon (griichescht Neutrum; Majuskel Υ, Minuskel υ) ass den 20.
Buschtaf vum griicheschen Alphabet an huet nom milesesche Prinzip en numeresche Wäert vu 400. Am 1. Joerhonnert v. Chr. gouf de Buschtaf och als 25. Buschtaf an d'laténgescht Alphabet iwwerholl.
Am griichesche gëtt de Buschtafe wéi en „I“ ausgeschwat.
Den Ypsilon ass den éischte Buschtaf, deen d'Griiche bei hiert Alphabet bäigesat haten. Si haten dofir eng Variant vum phenizesche Waw geholl, nodeem déi aner Variant schonn fir d'Digamma gebraucht gouf. Am Fréigriichesche war de Lautwäert vum Ypsilon de Vokal [u].
De groussen Ypsilon bezeechent an der Physik den Υ-Meson. Als Symbol gëtt heibäi ëmmer en Υ mat „Widderharen“ gebraucht, fir datt e sech vum laténgesche Buschtaf Y ënnerscheet.
Commons: Ypsilon – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Ypsilon, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.