D'Baby-Boomer, oder Boomgeneratioun, ass déi Generatioun vu Leit, déi tëschent 1946 an 1964 an de westleche Länner gebuer sinn, also nom Enn vum Zweete Weltkrich.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den Ausdrock geet dorop zeréck, well an där Period d'Geburtequot méi héich ware wéi virdrun oder dono. D'Enn vum Krich (an domat der Onsécherheet virun der Zukunnft) an de materielle Wuelstand, deen dono lues a lues agetrueden ass, waren den Haaptgrond datt nees méi Kanner op d'Welt koumen. D'Enn vum Baby-Boom kann ee kloer un der allgemenger Verbreedung vun der Antibabypëll, zënter der Mëtt vun den 1960er Joren, feststellen. Déi huet et méiglech gemaach, ze plangen, ob oder wéini ee Kanner wéilt kréien.
Och zu Lëtzebuerg léisst sech den Trend vum Babyboom erkennen, och wann e méi moderat ass wéi an anere Länner.
D'Generatioun vun deene Leit, déi tëscht 1950 an 1960 op d'Welt koumen, léisst sech mat verschiddene Charakteristike beschreiwen. Deene meeschten hir Kandheet huet sech zum Deel an den 1950er, 1960er an am Ufank vun den 1970er Jore ofgespillt, eng Zäit vu staarkem Wuelstandswuesstëm, bedéngt duerch den ekonomeschen Opschwong an der Nokrichszäit.
An de 1970er Joren, bedéngt duerch déi global Kris, kënnt et bei villen zu enger Desillusioun, souwuel op psychologeschem wéi op materiellem Niveau. Déi Desillusioun ass och bedéngt duerch déi staark Politiséierung um Enn vun de 60er Joren, mam Héichpunkt am Mee 1968.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Baby-Boomer, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.