Den Eugène Ruppert gebuer den 21.
Mäerz">21. Mäerz 1864 am Stadgronn a gestuerwen den 3. November 1950 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen Ingenieur, deen als ee vun deenen éischte westlechen Ingenieuren a China modern Schmelzen opgeriicht huet.
Eugène Ruppert | |
---|---|
Gebuer | 21. Mäerz 1864 Gronn |
Gestuerwen | 3. November 1950 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Ingenieur |
Hien huet vun 1886 bis 1890 zu Oochen op der Technescher Universitéit Metallurgie studéiert. Tëscht 1891 an 1893 war hie Cheemiker, duerno Directeur-adjoint vun enger Schmelz zu Duisburg. Vun 1894 bis 1898 war hien den techneschen Direkter vun enger Schmelz zu Hanyang (China), déi der belscher Cockerill gehéiert huet. 1901 - 1902 huet hie Rapporten iwwer Äerzvirkommnësser a Japan gemaach. Du koum hie fir ee Joer zeréck an Europa a gouf Direkter vun engem Héichuewebetrib zu Dortmund. Schonn d'Joer drop war en nees zu Hanyang, wou en Technesche Generaldirekter war. 1912 ass en aus gesondheetleche Grënn op Lëtzebuerg hanneschtkomm. Vun 1920 bis 1934 huet en do als onofhängegen Ingenieur e Bureau d'études gefouert.
Iwwer seng Zäit a China huet den Eugène Ruppert 1903 e Buch verëffentlecht; Reise um die Welt mit mehrjährigem Aufenthalt in China und Japan. Vun de Stater gouf en dacks "de Chinees" genannt. Seng Sammlung vun asiatesche Medailen a Mënzen gouf 1981 am Staatsmusée ausgestallt.
En aneren Deel vu senge Chinoiserien huet hien un d'Franziskanerinne verierft, déi s'an hirer Maison mère um Belair, zesumme mat hiren eegenen Objeten aus China an hirem Musée versuergen.
A sengem Haus um Lampertsbierg huet spéider de Pierre Werner gewunnt, duerno koum tschechesch Ambassade dran.
Den Eugène Ruppert ass um Nikloskierfecht um Lampertsbierg begruewen.
Als Undenken un den Eugène Ruppert gouf op der Cloche d'or an der Stad eng Strooss no him genannt: d'Rue Eugène Ruppert (L-2453).
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Eugène Ruppert, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.