D'Cinémathèque de la Ville de Luxembourg, och nach Stater Cinemathéik genannt, ass am fréiere Kino Vox op der Theaterplaz an der Stad Lëtzebuerg.
Donieft huet d'Cinemathéik nach e Gebai op der Cloche d'or, dat se mat der Fotothéik vun der Stad deelt.
D'Stater Cinemathéik versuergt iwwer 13.000 Filmer, dorënner 10.000 Long-métragen, an och eng Rëtsch Filmer vun deenen et (bal) soss néierens eng Kopie méi gëtt. Domat zielt si mat zu deene wichtegste Filmarchiver vun Europa.
Gegrënnt gouf se 1975 vum Fred Junck, fir d'éischt als eng A.s.b.l., ier se 1977 dem Kulturdéngscht vun der Stad Lëtzebuerg ënnerstallt gouf. De Fred Junck huet ufanks och e groussen Deel vun hirem Bestand zesummekaf, -gesteet oder -getosch.
D'Stater Cinemathéik ass spezialiséiert op de Film noir, d'Filmer vu verschiddene Serie B-Regisseuren, d'Filmer vu Regisseuren, déi an der Nazi-Zäit an Amerika hu misse flüchten, franséisch Filmer aus den 1930er an 1940er Joren, amerikanesch Independent-Filmer a Filmer, déi e Bezuch mat Lëtzebuerg hunn.
Ausserdeem huet si praktesch d'Gesamtwierk vu Regisseure wéi Fritz Lang, Howard Hawks, Alfred Hitchcock, Raoul Walsh, Jean Renoir, Orson Welles, Douglas Sirk, Samuel Fuller, Max Ophuls, asw.
Zanter den 1990er Jore ginn d'Filmer an engem speziell klimatiséierte Raum, an engem Gebai an der Eugène-Ruppert-Strooss op der Cloche d'or archivéiert (direkt niewendrun ass d'Fotothéik vun der Stad Lëtzebuerg). Virdru war dat uechter d'Stad verspreet a Lageren a Kelleren, wou et eng Kéier souguer zu engem Feier komm war.
Am Archiv gëtt et och eng Sammlung mat Dausende vu Fotoen an Affichë vu Filmer, an eng spezialiséiert Bibliothéik zu der Geschicht vu Film a Kino, déi zougänglech ass fir de Public.
10 Leit schaffen an der Cinemathéik; Direkter ass de Claude Bertemes.
Commons: Cinémathèque_de_la_Ville_de_Luxembourg – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Cinémathèque de la Ville de Luxembourg, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.