Dëse Geographiesartikel iwwer den Aserbaidjan ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den Aserbaidjan (aserbaidjanesch: Azərbaycan) ass eng Republik am Südweste vun Asien, tëscht dem Kaspesche Mier an dem Kaukasus. Nopeschlänner sinn am Norde Russland, am Nordweste Georgien, am Süden den Iran an am Westen Armenien. D'Exklav Nachitschewan, duerch armeenescht Staatsgebitt vum Kärland getrennt, huet am nordwestlechen Eck och nach 11 Kilometer Grenz mat der Tierkei. Déi fréier Aserbaidjanesch SSR gouf 1991 vun der Sowjetunioun onofhängeg.
Azərbaycan Respublikası | |||||
| |||||
Offiziell Sprooch: | Aserbaidjanesch | ||||
Haaptstad: | Baku | ||||
Staatsform: | Republik | ||||
• President: | Ilham Aliyev | ||||
• Premierminister: | Ali Asadov | ||||
Fläch: | 86 600 km² | ||||
• Dovu Waasser: | 0,6 % | ||||
Bevëlkerung: | 9.164.600 (89.) | ||||
• Bevëlkerungsdicht: | 105,8/km² | ||||
Onofhängegkeet: | vun der Sowjetunioun, den 30. August 1991 | ||||
Nationalfeierdag: | 28. Mee | ||||
Nationalhymn: | Azərbaycan Marşı | ||||
Wärung: | Manat | ||||
Zäitzon: | UTC +4 | ||||
Internet TLD: | .az | ||||
Internationalen Telefonsprefix: | +994 | ||||
D'Haaptstad vum Aserbaidjan heescht Baku (Bakı) an ass eng grouss a wichteg Hafestad um Kaspesche Mier.
Obwuel d'Staatsgebitt zanter der Sowjetzäit schonn den Numm „Aserbaidjan“ dréit, gëtt mat deem Numm ursprénglech e Gebitt bezeechent, dat méi wäit südlech läit an haut zum Staatsgebitt vum Iran gehéiert, an dat haut och nach den Numm Aserbaidjan dréit. D'Gebitt vum haitegen Aserbaidjan hat virdrun d'Nimm Aran an Albania.
D'baussepolitesch Relatioune mat Armenie bleiwe viru ferm strapazéiert. 1992 sinn d'Konflikter ëm d'Regioun Biergkarabach am haitegen Aserbaidjan zu engem bluddege Krich mam Nopeschland eskaléiert. Och nach nom Waffestëllstand vun 1994 occupéiert Armenie ronn 15 % vun der Géigend. D'Friddensverhandlungen tëscht de Parteie stagnéieren zanterhier.
Commons: Aserbaidjan – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Aserbaidjan, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.