Den Dan Biancalana, gebuer de 6.
November">6. November 1977 an der Stad Lëtzebuerg an opgewuess zu Diddeleng, ass e lëtzebuergesche Kriminolog a Politiker (LSAP). Hien ass zanter Dezember 2014 Buergermeeschter vun der Gemeng Diddeleng an zanter 2018 Deputéierten an der Chamber.
Dan Biancalana | |
---|---|
Gebuertsnumm | Daniel Adriano Biancalana |
Gebuer | 6. November 1977 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker, Kriminolog |
Partei | LSAP |
Den Dan Biancalana huet e Graduat fir Assistant social, an huet seng Studien an der Belsch an an Italie mat enger Licence an engem DEA a Kriminologie ofgeschloss. Hie schafft beim Service Central d'Assistance Sociale um Stater Parquet général.
1994 gouf hie Member vun de Jeunesses socialistes, wouvunner en 2002 de President vun der Diddelenger Sektioun gouf, a kuerz drop den Nationalsekretär, an dono vun der LSAP, vun där en Member vun hirem Exekutivbüro op nationalem Plang ass, a vun 2012-2016 de President vun hirer Diddelenger Lokalsektioun war. Vum Januar 2019 bis Mäerz 2022 war hie Vizepresident vun der LSAP, zanterdeems ass hien, zesumme mat der Francine Closener, Kopresident.
Bei de Gemengerotswalen 2005 gouf hien an den Diddelenger Gemengerot gewielt a gouf do Drëtte Schäffen. No de Gemengerotswale vun 2011 gouf en Éischte Schäffen. Den 11. Dezember 2014 gouf hien als Nofollger vum Alex Bodry zum neie Buergermeeschter vun Diddeleng vereedegt. Bei de Gemengewale vun 2017 an 2023 gouf hien an där Positioun konfirméiert.
Bei de Chamberwale vum 14. Oktober 2018 gouf hien am Walbezierk Süde fir d'LSAP an d'Chamber gewielt a bei deene vum 8. Oktober 2023 erëmgewielt.
Den Dan Biancalana ass zanter 2004 President vun der Association Luxembourgeoise de Criminologie (ALC) an zanter 2005 vun Diddeleng Hëlleft. Zanter 2014 ass hien och President vum Office Régional de Tourisme Sud a vu PRO-SUD.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Dan Biancalana, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.