Gemeng Diddeleng: Lëtzebuergesch Stad a Gemeng am Kanton Esch-Uelzecht

D'Gemeng Diddeleng ass eng vun den 100 Gemengen am Groussherzogtum Lëtzebuerg.

Se läit am Kanton Esch-Uelzecht. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Diddeleng vun där se och hiren Numm huet.

Diddeleng
Gemeng Diddeleng: Quartieren a Sektiounen, Geographie, Geschicht
Gemeng Diddeleng: Quartieren a Sektiounen, Geographie, Geschicht
d'Gemengenhaus vun Diddeleng
An anere Sproochen fr: Dudelange
de: Düdelingen
Land Lëtzebuerg
Kanton Kanton Esch-Uelzecht
Buergermeeschter Dan Biancalana (LSAP)
Awunner 21.953
  1. Januar 2023
Fläch 2.138 ha
Héicht 298 m
Koordinaten 49° 28’ 56’’ N
      06° 05’ 04’’ O
LAU-Code LU0203
Websäit https://www.dudelange.lu/
Gemeng Diddeleng: Quartieren a Sektiounen, Geographie, Geschicht
Gemeng Diddeleng: Quartieren a Sektiounen, Geographie, Geschicht
Gemeng Diddeleng: Quartieren a Sektiounen, Geographie, Geschicht
De Gehaansbierg.
Gemeng Diddeleng: Quartieren a Sektiounen, Geographie, Geschicht
D'Niddeschgaass am Zentrum
Gemeng Diddeleng: Quartieren a Sektiounen, Geographie, Geschicht
De Quartier Italien.
Gemeng Diddeleng: Quartieren a Sektiounen, Geographie, Geschicht
Vue iwwer Butschebuerg op den RTL-Antennepotto.
Gemeng Diddeleng: Quartieren a Sektiounen, Geographie, Geschicht
Waassertuerm + Pomhouse.
Gemeng Diddeleng: Quartieren a Sektiounen, Geographie, Geschicht
Kulturzentrum Opderschmelz.
Gemeng Diddeleng: Quartieren a Sektiounen, Geographie, Geschicht
D'Galerie Dominique Lang am Quartier Brill.
Gemeng Diddeleng: Quartieren a Sektiounen, Geographie, Geschicht
D'Kierch Diddeleng.

Quartieren a Sektiounen

  • Boltebierg
  • Ribbeschpont
  • Tattebierg
  • Wolkeschdall

Geographie

Diddeleng läit am Nordoste vum loutrengesche Minettsbaséng um Bord vun der Cuesta vum Bajocium am Dall vun der Diddelengerbaach.

De Süde vum Dall, wou grouss Industrieanlage stinn, ass vun Osten hier vun den Héichte vum Doggerplateau begrenzt an no Norden an Nordoste geet en op an den Dall vun der Gander an der Uelzecht.

Topographie

Am Nordweste steet eng eenzel Kopp de Gehaansbierg, ee sougenannten Ëmlafbierg, mat enger Héicht vu 405 m, op deem Reschter vun enger Buergruin a réimescher Festung ze fanne sinn.

Den héchste Punkt ass op der Grenz vun Téiteng um Kalebierg op 435 m.

Eng besser bekannt héich Plaz ass de Ginzebierg deen eng Héicht vu 424 m (NG-L) huet, an ënner deem op engem Plateau op enger Héicht vu 417,5 Meter den RTLs-Sender steet, deen e bei klorem Wieder op méi wéi 20 km gesi kann.

Den déifste Punkt ass am Thilleweier op der franséischer Grenz op 256 m.

Nopeschuertschaften

Zu Lëtzebuerg: Helleng, Beetebuerg, Näerzeng, Keel an Téiteng

A Frankräich: Wuelmereng, Kanfen, Zoufftgen an Hoen

Geschicht

Duerch d'Gesetz vum 4. August 1907 krut Diddeleng den Titel "Stad". Mat deem Gesetz ginn déi zwee fréier Dierfer Biereng a Butschebuerg an d'Stad mat iwwerholl a sinn haut Quartiere vun Diddeleng.

D'Geschicht vun Diddeleng ass staark markéiert vun der industrieller Entwécklung am Minett. Gläich an der zweeter Hallschent vum 19. Joerhonnert war Diddeleng eng Héichbuerg vun der Stolfabrikatioun. Et war eng grouss Schmelz mat Héichiewen, engem Stolwierk an engem Walzwierk opgeriicht ginn, mat spéider niewendrun enger Galvaniséierungsanlag, enger Sauerstoffanlag, a mat der Gare Diddeleng-Schmelz fir déi fäerdeg Produkter op Zich ze verlueden. De Schinnequai ass haut nach ee Begrëff fir all Diddelenger.

Ëm 1882 hunn d'Patrone vun der Diddelenger Schmelz den Optrag ginn fir eng Zillebäckerei opzeriichten, well si Zille gebraucht hu fir hir Hangaren, Atelieren a Kamäiner ze bauen, an awer och fir d'Aarbechterhaiser an de Kolonie wéi am Brill an der Hondsgaass (rue du Travail), an an der Lachegaass (rue de Zoufftgen). Déi Fabrick gouf vun engem belschen Industriellen dem Victor Tassin opgeriicht op der Plaz déi haut de Quartier Wolkeschdall ass.

No der Restrukturéierung vun der ARBED an den 1980er Joren ass nëmme méi ee kaalt Walzwierk an eng Beschichtungsanlag iwwreg bliwwen.

Duerno hu sech zu Diddeleng a ronderëm kleng, mëttel an och e puer méi grouss Industrien niddergelooss sou wéi Giebel, Husky, a Luxguard.

Wopen

Gemeng Diddeleng: Quartieren a Sektiounen, Geographie, Geschicht  Beschreiwung am Originaltext:

D'or au lion de sable

Entwécklung vun der Awunnerzuel

Gemeng Diddeleng: Quartieren a Sektiounen, Geographie, Geschicht

Quell:STATEC

Politik

De Gemengerot vun Diddeleng gëtt nom Proporzsystem gewielt. E setzt sech zanter 2017 aus 19 (bis 2011: 17, bis 1999: 15) Conseilleren zesummen.

Zesummesetzung

Joer ADR CSV gréng Lénk LSAP DP
1999 1 2 1 - 11 -
2005 0 4 2 - 11 -
2011 1 3 2 1 10 -
2017 1 5 2 1 10 -
2023 1 4 2 1 10 1

Quell: Inneministère / RTL.lu / elections.lu

Buergermeeschteren

  • 1797–1798: Jean Magnette
  • 1798–1799: Michel Krips
  • 1799–1801: Jean Michel Philippart
  • 1801–1804: Michel Weber
  • 1804–1805: Max Boland
  • 1805–1807: Orphée Bernard
  • 1807–1814: Frantz Plutot
  • 1815–1821: Jean Baptiste Schmitt
  • 1822–1836: Jean Pierre Gérard
  • 1836–1844: Pierre Theis
  • 1844–1849: Michel Berwick
  • 1849–1854: Jean Antoine Philippart
  • 1854–1861: Michel Landtgen
  • 1861–1863: Henri Steichen
  • 1864–1882: Franz Theis
  • 1882–1893: Michel Adolphe Sinner
  • 1894–1896: Pierre Theis
  • 1897–1902: Jean Nieles
  • 1903–1914: Pierre Theis
  • 1914–1920: Jean Berchem
  • 1920–1925: Michel Gindt

Kuckeswäertes

Bekannt Diddelenger

Partnerschafte mat auslännesche Stied

Interkommunal Syndikater

D'Gemeng Diddeleng ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:

Literatur zum Theema

  • 100 Joer Diddeleng, Bäilag vum Tageblatt Nr. 286 vum 8. Dezember 2007, 24 S.

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Diddeleng – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

Tags:

Gemeng Diddeleng Quartieren a SektiounenGemeng Diddeleng GeographieGemeng Diddeleng GeschichtGemeng Diddeleng PolitikGemeng Diddeleng KuckeswäertesGemeng Diddeleng Bekannt DiddelengerGemeng Diddeleng Partnerschafte mat auslännesche StiedGemeng Diddeleng Interkommunal SyndikaterGemeng Diddeleng Literatur zum TheemaGemeng Diddeleng Kuckt ochGemeng Diddeleng Um SpaweckGemeng DiddelengChef-lieuDiddelengEntwécklung vun der Gemengenzuel zu LëtzebuergGemeng (Lëtzebuerg)Kanton Esch-UelzechtLëtzebuerg (Land)

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

Alternativ Demokratesch ReformparteiJoseph GoebbelsCharles-André EngelMaartMoskauCharles ArendtBloderkrautMinsk27. SeptemberDemokratesch Republik KongoWilliam Shakespeare.twEuropäesche Weltraumfuerschungs- an TechnologiezentrumHenri Cartier-BressonIsfahanSchaltjoerGrammy AwardsGriicheschSpektrograph800Cyprien MerjaiHebräeschGer SchlechterHollandWebsäitBelschJosy Braun18. JoerhonnertIBMLatäin2000KlëppelkrichAntonio VivaldiDonneschdegEddie ConstantineParäisTierkei1963BakteerienCostantino il Grande (Film)17. MäerzBiergSuperjhempSchrëftsteller30. NovemberPoison (Film 2023)Villa Kutter1200Cercle municipal5. JuliFranséischChronologie vum ale GriichelandMasturbatiounHaitiFurio CardoniHypertext Markup LanguageGuy RosenKaweechelcherNGC 37Matthew PerryLycée des arts et métiersSophie Mousel1789TongaFamill (Biologie)Lycée classique d'Echternach🡆 More