Lëtzebuerger Kantonen: Andeelung vum Lëtzebuerger Land

Dës Lëscht vun de Lëtzebuerger Kantonen ass en Deel vun de Referenztabellen.

Lëtzebuerger Kantonen: Geschicht, Verwaltungseenheeten, Kantonstabell
Lag vun de Kantonen

Geschicht

D'Kantone sinn eng Kreatioun vun der franséischer revolutionärer Herrschaft. Duerch e Beschloss vum 31. August 1795 si 37 Kantonen entstanen, dovun der 24 op d'mannst deelweis um haitege Staatsgebitt. Den 11. September 1795 koum awer schonn eng Reduktioun op 27 Kantonen, dovun der 12 op deem haitege Staatsterritoire. Den 22. Oktober 1796 an de 6. Mäerz 1802 koume weider Ännerungen, déi dunn awer scho relativ no bei deenen haitege louchen. No 1839 hunn déi zu Lëtzebuerg geschloe Gemenge vum Kanton Arel mat deene vum Kanton Käerjeng zum Kanton Capellen fusionéiert, de Kanton Beetebuerg gouf mat Deeler vum Kanton Messancy mä ouns d'Gemeng Dippech zum Kanton Esch-Uelzecht, de Kanton vu Rued respektiv Betzder gouf vum Kanton Gréiwemaacher absorbéiert, an aus dem Kanton Osper gouf de Kanton Réiden.

Vun 1857 bis 1867 hunn d'Kantone Miersch a Réiden zum Distrikt Miersch gehéiert, deen 1867 ofgeschaaft gouf,.

Duerch d'Gemengefusioune kënnen d'Kantonsgrenzen änneren. Dat war de Fall, wéi d'Gemenge Baastenduerf a Fouhren zur neier Gemeng Tandel fusionéiert hunn: de Kanton Veianen ass e wéineg méi grouss ginn, an de Kanton Dikrech e wéineg méi kleng.

Verwaltungseenheeten

Hautdesdaags huet d'Andeelung vum Land a Kantone keng administrativ Funktioun méi. Et gëtt weeder Kantonaladministratiounen, nach Kantonalparlamenter oder Kantonalgeriichter. Just d'Stroossebauverwaltung huet an all Kanton eng Néierloossung, an den Enregistrement huet bis op Veianen iwwerall e Büro.

Dat war awer net ëmmer sou. Vum 11. September 1795 bis zum Akraafttriede vum Gesetz vum 12. Abrëll 1972 war all Kanton de Kompetenzberäich vun engem Friddensgeriicht. Donieft gouf et nach Milizkantonen, déi zanter dem 25. Juli 1846 mat de Justizkantonen iwwereneegestëmmt hunn, an déi an hirem Chef-lieu d'Louszéien an d'Musterung vun de Milizionären z'organiséieren haten.

Kantonstabell

Zuelen op den 1. Januar 2023
LAU1-Code Numm Haaptuertschaft Walbezierk Geriichtsbezierk Awunner Fläch a km² Densité
Aw. pro km²
Gemengen
LU-01 Capellen Capellen Walbezierk Süden Lëtzebuerg 52.828 199,21 265.19 9
LU-02 Esch-Uelzecht Esch-Uelzecht Walbezierk Süden Lëtzebuerg 189.540 242,77 780.74 14
LU-03 Lëtzebuerg Lëtzebuerg Walbezierk Zentrum Lëtzebuerg 204.358 238,46 856.99 11
LU-04 Miersch Miersch Walbezierk Zentrum Lëtzebuerg 35.579 223,90 158.91 10
LU-05 Klierf Klierf Walbezierk Norden Dikrech 20.687 342,17 60.46 5
LU-06 Dikrech Dikrech Walbezierk Norden Dikrech 35.150 204,51 171.87 10
LU-07 Réiden Réiden op der Atert Walbezierk Norden Dikrech 20.874 267,49 78.04 10
LU-08 Wolz Wolz Walbezierk Norden Dikrech 19.209 264,55 72.61 7
LU-09 Veianen Veianen Walbezierk Norden Dikrech 5.594 78.52 71.24 3
LU-10 Iechternach Iechternach Walbezierk Osten Dikrech 20.280 185,54 109.30 7
LU-11 Gréiwemaacher Gréiwemaacher Walbezierk Osten Lëtzebuerg 32.524 211,37 153.87 8
LU-12 Réimech Réimech Walbezierk Osten Lëtzebuerg 24.186 127,87 189.15 8
Total Lëtzebuerg 660.809 2.586,36 255,50 102

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Lëtzebuerger Kantonen – Biller, Videoen oder Audiodateien
  • Maximilian Richard, Kantone: Kinder der Revolution op wort.lu den 11. Januar 2019 an an der Drockversioun vum Luxemburger Wort vum 11. Januar 2019 (S. 15) ënnert dem Titel Kinder der Revolution. Kantone haben hierzulande Tradition – ihre Geschichte beginnt im 18. Jahrhundert.

Referenzen

Tags:

Lëtzebuerger Kantonen GeschichtLëtzebuerger Kantonen VerwaltungseenheetenLëtzebuerger Kantonen KantonstabellLëtzebuerger Kantonen Kuckt ochLëtzebuerger Kantonen Um SpaweckLëtzebuerger KantonenWikipedia:Referenztabellen

🔥 Trending searches on Wiki Lëtzebuergesch:

RegierungNorbert BeckerPopmusekPéiter OnrouGréiwelsPaul SontagJonathan SwiftCS Fola EschHaaptsäitChrëschtentumParc municipal (Stad Lëtzebuerg)Haaptsäit/Op engem/AbrëllCathy ClementHTony DutreuxAustralienFaustiSängerRepublik KoreaFrançois-Xavier Wurth-PaquetMinière Prince HenriCamille WeilerClaire DelcourtRégions dévastées, EchternachKrich an der VendéeBelschCOVID-19-Pandemie zu LëtzebuergJohn TravoltaSaint-Denis-en-Bugey1818Institut polytechnique de ParisMäerteskierch vu Jonglënster1811Zesummen - d'BréckKoordinéiert WeltzäitFernand FoxSpueniekämpferJean-Jacques RousseauLex DellesSiddhartha GautamaPutty Stein31. JanuarPletschetteLycée classique d'EchternachAline de Saint-HubertPolitikerHenri AhlbornDavid GoldrakeEHaaptsäitBléck/ArchiverRenaissanceRandscheltMarc LambertMoskauMir d'Vollek (Lëtzebuergesch Partei)Frank GoetzMelusinaLëtzebuerg (Stad)FamillBarockDD'MargréitchenAlain AttenSociété à responsabilité limitée (Lëtzebuerg)Schëld D, 7Jules WernerKathedral Notre-Dame vu Lëtzebuerg9X (Soziaalt Netzwierk)FeierstëppelerIndienJeannot WaringoOrdre de la couronne de chêneFranséisch-Flandern🡆 More