De Sender vun Diddeleng um Ginzebierg ass eng Anlag vun RTL fir Radios- an Televisiounssendungen.
E war fréier, éier et Satellitte gouf, och fir Transmissioune vun europawäite Sendungen eng Relaisstatioun fir d'Eurovision.
Vun do gi Sendungen a follgende Beräicher verbreet:
D'Anlag besteet aus engem administrativen an technesche Gebai, Wunnenge fir d'Techniker, an engem Sendetuerm donieft, a si stinn op engem klenge Plateau um Ginzebierg, eng vun den héchste Koppen ëm Diddeleng op enger Héicht vu 417, 5 m (NG-L).
De Sendetuerm besteet aus engem Gittermast an enger Antenn, déi zesummen 299 m héich sinn.
En ass an tëscht 1956 an 1957 opgeriicht gi fir eng méi kleng Anlag z'ersetzen. Am Ufank war e méi héich, mä no engem Accident, den 31. Juli 1981, wéi e belschen Dassault Mirage 5BR deen op engem Trainingfluch war, dragerannt war a bei deem ausser dem Pilot (de Colonel R. Gennart, Kommandant vum belsche Fluchfeld Florennes), ee Mataarbechter vun RTL mat senger Fra ëm d'Liewe koumen, gouf de Gittermast op d'Héicht vun 285 m nei opgeriicht. Bei där Fléckerei ass och déi iewescht Antenn e bësselchen ausser Senkel geroden.
Commons: Sender vun Diddeleng – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Sender vun Diddeleng, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.