De Golf vum Oman ass en Aarm vum Arabesche Mier tëscht dem Oman op der Arabescher Hallefinsel am Südwesten an dem Iran am Norden.
En ass tëscht dem Kap al-Hadd am Oman an der Bucht vu Gwadar op der iranesch-pakistanescher Grenz 320 km breet. De Golf huet eng Längt vu 560 km an ass iwwer d'Strooss vun Hormus am Nordweste mam Persesche Golf verbonnen.
Et gëtt Fëscherei am Golf vun Oman bedriwwen, mä seng Haaptfunktioun ass déi als Schëffstransportwee bei d'Regiounen ëm de Persesche Golf, déi Pëtrol produzéieren, a fir déi de Golf vum Oman déi eenzeg Entrée iwwer d'Waasser ass.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Golf vum Oman, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.