De Xavier Bettel, gebuer den 3.
Mäerz">3. Mäerz 1973 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergeschen Affekot an DP-Politiker. Hien ass zanter dem 17. November 2023 Vize-Premierminister an Ausseminister an der Regierung Frieden-Bettel.
Xavier Bettel | |
---|---|
Gebuer | 3. Mäerz 1973 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun | Université Nancy-II |
Aktivitéit | Politiker |
Partei | Demokratesch Partei |
Famill | |
Bestuet mat | Gauthier Destenay |
Nom Ofschloss vum Secondaire classique am Lycée Hélène Boucher zu Diddenuewen a Frankräich huet hien eng Maîtrise am Droit public an am Droit européen op der Droits-Fakultéit vun der Universitéit Nanzeg gemaach, an duerno och do en DEA a Politikwëssenschaft an am Ëffentleche Recht. Am Oktober 2021 huet Reporter.lu reveléiert, datt de Bettel 1999 grouss Deeler vu senger DEA Dissertatioun plagiéiert hat. Hie huet am Ufank nëmmen unerkannt, datt hien et hätt kënne besser maachen. Nodeem d'Uni Nanzeg decidéiert hat, datt seng Dissertatioun op Plagiat baséiert, huet hien Ufank Februar 2022 säin Diplom ofginn.
Vun 2001 bis 2013 war hien Affekot um Barreau vu Lëtzebuerg.
1989 gouf hie Member an der Demokratescher Partei an 1989 Kommiteesmember a Member vum Nationale Büro vun der JDL (Jeunesse démocrate et libérale) am Bezierk Zentrum.
1991 gouf hie President am Bezierk Zentrum a Vizepresident op nationalem Niveau vun der JDL. Hie war President vun der JDL vun 1994 bis 2002.
Bei de Gemengewale vum 10. Oktober 1999 ass hie fir d'éischt an de Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg gewielt ginn. 2005 gouf hie Schäffen. Bei de Gemengewale vum 9. Oktober 2011 gouf hien Éischtgewielten, virum amtéierende Buergermeeschter Paul Helminger. De 24. November 2011 gouf hien als neie Buergermeeschter vun der Stad vereedegt a blouf dat bis bis zu senger Ernennung zum Premierminister.
Den 13. Juni 1999 gouf hie fir d'éischt an d'Chamber gewielt. Bei de Chamberwale vum 13. Juni 2004, deene vum 7. Juni 2009, deene vum 20. Oktober 2013 an deene vum 14. Oktober 2018 ass hien als Deputéierten all Kéier erëmgewielt ginn. 2009 bis 2013 war hie President vun der parlamentarescher Fraktioun vun der DP.
Als Folleg vun de Chamberwale vum 20. Oktober 2013 ass hien de 25. Oktober vum Grand-Duc Henri zum Formateur vun der neier Regierung ernannt ginn. Dës Koalitioun aus DP, LSAP an Déi Gréng gouf de 4. Dezember 2013 vereedegt. D'Resultat vun de Chamberwale vum 14. Oktober 2018 huet et erméiglecht, déi selwecht Koalitioun virunzeféieren, a sou gouf de Xavier Bettel de 5. Dezember 2018 op en Neits als Premierminister, déi Kéier vun der Regierung Bettel-Schneider-Braz, vereedegt.
Bei de Chamberwale vum 8. Oktober 2023 goung et net méi duer mat de Sëtzer fir esou eng Koalitioun. Et koum zu enger Koalitioun vun CSV an DP, mam Luc Frieden als Premierminister. De Xavier Bettel krut d'Portefeuillë vum Vizepremier, Minister fir international an europäesch Affären, fir Kooperatioun, Aussenhandel an d'Groussregioun.
Vum 29. Januar 2013 bis den 28. November 2015 war hie President vun der DP.
Hien ass gebuer als Bouf vun engem Wäinhändler an enger Franséisin mat russeschen Originnen (Famill vum Komponist a Pianist Rachmaninow,,).
Den 28. Juni 2008 huet de Xavier Bettel an der RTL-Emissioun "Background" offen zu senger Homosexualitéit Stellung geholl. Hien ass zanter dem 15. Mee 2015 mam belschen Architekt Gauthier Destenay bestuet, mat deem en zanter 2010 gepacst war.
Commons: Xavier Bettel – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wikiquote: Xavier Bettel – Zitater |
Virgänger: Paul Helminger | Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg 2011 - 2013 | Nofollger: Lydie Polfer |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Xavier Bettel, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.