D'Fleur Maxwell, gebuer de 5.
August">5. August 1988 zu Diddeleng ass eng lëtzebuergesch Äiskonschtleeferin.
Fleur Maxwell | |
---|---|
Gebuer | 5. August 1988 Diddeleng |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Äiskonschtleefer |
Gréisst | 1,58 m |
Gewiicht | 48 kg |
D'Fleur Maxwell huet 2006, als eenzeg Sportlerin, Lëtzebuerg bei den XX. Olympesche Wanterspiller zu Turin vertrueden. Am Kuerzprogramm ass si déi 21. ënner 29 Kandidatinne ginn an huet sech domat fir d'Kür qualifiéiert, wou si awer wéinst enger onglécklecher Chute op déi lescht Plaz zeréckgefall ass. Mat engem Gesamtresultat vun 109,57 Punkte koum si schlussendlech op de 24. Rang. Si huet 2006 hir sportlech Karriär virleefeg opgehalen.
Vun 2009/2010 un huet si nees bei Competitioune matgemaach. Si konnt sech zwar net fir d'Olympesch Wanterspiller 2010 zu Vancouver oder fir déi vun 2014 su Sotschi qualifizéieren, huet awer bei der Istanbul Cup, de Slovenia Open, den Ukrainian Open, der Denkova-Staviski-Cup, an dem NRW-Trophy-Medaile gewonnen.
2011 gouf den Asteroid (255019) Fleurmaxwell no hir genannt.
Commons: Fleur Maxwell – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Fleur Maxwell, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.