De Pierre Dillenburg, gebuer 1942, ass eng Lëtzebuerger Mediëperséinlechkeet.
Hie war tëscht 1967 an 2002 Mataarbechter an der Chamberverwaltung an trëtt an der Ëffentlechkeet dacks als "Adels-Expert",,, oder "Society-Expert" op.,,
Dem Pierre Dillenburg seng Elteren haten e Molereibetrieb zu Dikrech. Seng Mamm ass fréi gestuerwen. No senger Lycéeszäit ass hie mat engem Schoulfrënd op Zürich gaangen, wou hien e Studium op der ETH ugefaangen huet. Deen huet hien awer ofgebrach fir duerno Droit an Ekonomie zu Antwerpen ze studéieren.,
1967 huet hien als "Attaché universitaire" ugefaangen, an der Chamber ze schaffen. Do ass hien och bliwwen an 1972 "Greffier adjoint" ginn. 2000 gouf hie "Greffier" (haut Generalsekretär genannt). Zwee Joer drop sollt hie fréipensionéiert ginn. Dem Pierre Dillenburg seng Oppositioun zu där Entscheedung huet zu enger gewësser Polemik an de Medië gefouert. Schlussendlech gouf et him erlaabt, no senger Fréipensionéierung nach fënnef Joer laang éierenamtlech d'Chamber ze beroden., A senger Zäit an der Chamberverwaltung huet hien ënner anerem d'Rénovéierungsaarbechte vum Plenarsall am Chambersgebai superviséiert.
De Pierre Dillenburg huet 20 Joer laang eng Chronik mam Titel La chronique de Dill fir déi fréier Zeitung Le Jeudi geschriwwen. Hien huet sech donieft en Numm gemaach mam Organiséiere vu groussen an opulente Fester.,
Zënter senger Pensionéierung ass de Pierre Dillenburg reegelméisseg op RTL Télé Lëtzebuerg ze gesinn, wou hien dacks agelueden ass fir gesellschaftlech Evenementer ze kommentéieren, besonnesch Gebuerten, Hochzäiten an aneren Uläss um groussherzoglechen Haff a bei de Monarchien am Ausland. Sou huet hien ënner anerem d'Staatsbegriefnes vum Groussherzog Jean (2019) live kommentéiert.
Donieft war hien awer och nach an anere Sendungen ze gesinn, wéi Dillikatessen, Den Dill um Dill a Behuel dech. 2009 an 2010 souz hien an der Jury vun den zwou éischte Staffele vun der Talentshow Wanns de eppes kanns! op RTL Télé Lëtzebuerg.
De Pierre Dillenburg ass zënter Joerzéngte mat sengem Partner Roland Hubsch zesummen an huet ni e Geheimnis aus senger Homosexualitéit gemaach.,, 2015 war säi Bestietnes eng vun den éischte gläichgeschlechtlechen Hochzäiten am Land, bei där vill Perséinlechkeeten aus der Lëtzebuerger Gesellschaft Invitéeë waren, dorënner de Jean-Claude Juncker an de Xavier Bettel.
Am Juni 2022 huet hien d'Buch Rencontres verëffentlecht, an deem hien Anekdoten iwwer haaptsächlech auslännesch Perséinlechkeeten erzielt, déi hie begéint huet.,
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Pierre Dillenburg, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.