Antwerpen, Anvers op Franséisch, ass eng Stad an der Belsch an d'Haaptstad vun der Provënz Antwerpen.
Opgrond vu senge ronn 526 000 Awunner, ass Antwerpen, no Bréissel (wann een d'Regioun kuckt), déi zweetgréisst Stad an der Belsch an déi gréisst a Flandern.
Antwerpen | |
---|---|
Land | Belsch |
Regioun | Flandern |
Communautéit | Flämesch Communautéit |
Provënz | Antwerpen |
Arrondissement | Antwerpen |
Awunner | 529.247 (1. Januar 2020) |
Fläch | 20.451 |
Koordinaten | 51° 13’ 00’’ N 04° 24’ 00’’ O |
Telefonszon | 03 |
Postcode | 2000, 2018, 2020, 2030, 2050, 2060 |
Websäit | https://www.antwerpen.be/ |
Et gëtt behaapt, den Numm Antwerpen kéim vum Flämeschen "hand werpen", wat bedeit d'"Hand werfen". No enger Seeche soll de Brabo dem Ris Antigoon, deen d'Schëffsleit terroriséiert a vun hinnen Taxe fir de Passage gefuerdert huet, eng Hand ofgeschnidden hunn a se an d'Schelde geworf hunn. Eng Statu op der Plaz beim Stadhaus erënnert dorun.
Antwerpe war bis zum 16. Joerhonnert eng vun de bedeitendste a räichste Stied an Europa. Dat erkläert och fir wat Antwerpen d'Stad vun der Konscht ginn ass an datt de Moler Pieter Paul Rubens an de Buchdrécker Christophe Plantin do geschafft a gelieft hunn.
Antwerpen ass ee vun de bedeitendste Hafe vun Europa. Hie läit um Floss Schelde (fr.: Escaut). Zu Antwerpen liewen a schaffe vill Judden, déi meescht am Diamantenhandel.
Um politeschen Niveau ass Antwerpen bei de Kommunalwale vun 2001 doduerch opgefall, datt eng rechtsextreem, separatistesch-nationalistesch Partei, de Vlaams Blok, méi wéi 30 % vun de Stëmme kritt huet.
Commons: Antwerpen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Antwerpen, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.