D'Haaptstadregioun Bréissel (fr.: Région de Bruxelles-Capitale, nl.: Brussels Hoofdstedelijk Gewest) ass eng vun den dräi Regiounen vun der Belsch.
Si gouf 1989 gegrënnt an ëmfaasst 19 selbstänneg Gemengen, déi awer sou unenee gebaut sinn, datt ee kaum um Stadbild mierkt, datt ee vun där enger an déi aner kënnt. D'Stad Bréissel, ass eng, wann och déi gréisst, vun dësen 19 Gemengen.
Haaptstadregioun Bréissel | |
---|---|
Land | Belsch |
Communautéit | Franséisch Communautéit vun der Belsch Flämesch Communautéit |
Awunner | 1.218.255 (2020) |
Fläch | 161,38 km² |
Websäit | https://be.brussels |
Well an der Belsch alles, wat mat Kultur, Sprooch oder Educatioun ze dinn huet, net ënner d'Kompetenz vun de Regiounen, mä vun de Communautéitë fält, sinn där zwou fir dës 19 Gemengen zoustänneg: d'Franséisch Communautéit vun der Belsch (Communauté française de Belgique) an d'Flämesch Communautéit (Vlaamse Gemeenschap). Ongeféier 80 % vun den Awunner ziele sech zur franséischsproocheger, 20 % zur flämeschsproocheger Communautéit. D'Haaptstadregioun ass dann och offiziell zweesproocheg, dofir mussen all offiziell Schreiwes, bis hin zu de Stroosseschëlter, an deenen zwou Sprooche sinn, a vun de Schoule bis zu de Kulturariichtungen (Theater, asw.) gëtt et alles duebel an där enger oder aner Sprooch.
Een Awunner op 4 (28,4 %) ass kee Belsch. Vun den ongeféier 280.000 Auslänner, déi an der Regioun Bréissel liewen, sinn der eng 134.000 aus engem vun den dunn 25 EU-Memberstaaten. Déi aner komme virun allem aus dem Maghreb, der Tierkei an Zentralafrika.
D'Haaptstadregioun Bréissel sëtzt sech aus 19 selbstännege Gemengen zesummen:
Commons: Bréissel – Biller, Videoen oder Audiodateien |
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Haaptstadregioun Bréissel, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.