Beim Zuchaccident zu Zoufftgen sinn den 11.
Oktober">11. Oktober 2006 e Persounenzuch an e Gidderzuch op der franséisch-lëtzebuergescher Grenz bei der Uertschaft Zoufftgen kollidéiert.
Géint Véirel vir 12 sinn um PK 203,700 d'Automotrice 2207 vun den CFL an e franséische Gidderzuch vun der Verbindung Basel - Beetebuerg op der Héicht vun der Grenz frontal kollidéiert.
Well de Persounenzuch zum Zäitpunkt vum Ongléck nach zum Deel op Lëtzebuerger Territoire stoung, hat d'Accident en internationale Charakter.
Den internationale Streckenofschnëtt vun der Eisebunnsstreck Beetebuerg-Metz tëscht der Gare vu Beetebuerg an der Gare vun Diddenuewen besteet aus zwee Gleiser. Déi normal Fuerrichtung op der Streck ass um rietse Gleis. Si ass mat engem automatesche Liichtblock a mat enger Installation permanente de contre-sens ausgerëscht, déi et erlaabt datt d'Streck och a Géigerichtung d. h. um lénkse Gleis ka befuer ginn.
Mëttwochs den 11. Oktober 2006 huet wéinst Aarbechten um franséischen Eisebunnsnetz d'Gleis Diddenuewen - Beetebuerg (och als Gleis 2 bezeechent) missen tëscht 8:50 Auer a 16:30 Auer gespaart ginn. D'Zich a béide Richtunge sinn dowéinst um Gleis Beetebuerg - Diddenuewen (Gleis 1) gefuer. Tëscht de PKen 191,600 an 198,400 gouf wéinst dem Schantjen temporär eng Vitesslimitt (ralentissement temporaire) vu 60 km/h ageriicht.
Wärend e Gidderzuch vun der SNCF op deem Gleis a Richtung Beetebuerg ënnerwee war ass e Persounenzuch vun der CFL vum Stellwierk Beetebuerg um selwechte Gleis a Richtung Diddenuewen geschéckt ginn. Déi zwéin Zich si géint 11:44 Auer um Territoire vun der franséischer Gemeng Zouftgen um PK 203,700 net wäit vun der franséisch-lëtzebuergescher Grenz anenee gerannt.
D'Accident huet sech am spéide Moien zougedroen, zur Zäit, wéi um Beetebuerger Stellwierk (PDC) e Schichtwiessel vu véier Aarbechtsplaze war:
Am Laf vun den Ermëttlungen huet sech erausgestallt, datt verschidden Agente vun der Moiesschicht hire Poste verlooss haten, ier hir Ofléisung do war.
Déi follgend Tabell stellt d'Presenzen um Stellwierk Beetebuerg am spéide Moie vum 11. Oktober 2006 duer:
Funktioun | Moiesschicht | Owesschicht |
---|---|---|
Fuerdéngschtleeder | Verléisst d'Stellwierk um 11:30 Auer | Kënnt um 11:34 Auer un |
Zuchmelder | Verléisst d'Stellwierk um 11:30 Auer | Kënnt um 11:28 Auer un |
Weichesteller 1 | Verléisst d'Stellwierk um 11:15 Auer | Kënnt um 11:25 Auer un |
Weichesteller 2 | Verléisst d'Stellwierk um 11:27 Auer | Kënnt um 11:43 Auer un |
Am Deel iwwer den Oflaf vum Accident gëtt de Schichtwiessel net méi ernimmt. D'Schicht gëtt nëmme bei den Agente vun der Moiesschicht preziséiert, wa keng Prezisioun, wat d'Schicht ubelaangt, do steet, dann ass d'Owesschicht gemengt.
8:56 Auer: Spär vum Gleis 2 (Diddenuewen - Beetebuerg).
10:41 Auer: Arrivée vum Gidderzuch 45938 mat ongeféier fënnef Minutten Avance zu Diddenuewen.
11:07 Auer: Den Zuchmelder vun der Moiesschicht mellt dem Agent circulation 1 vun Diddenuewen den Depart vum TER 837615 (net den Ongléckszuch). Gläichzäiteg gëtt ausgemaach, no der Arrivée vum TER zu Diddenuewen de Gidderzuch 45938 weider a Richtung Beetebuerg fueren ze loossen (a Géigerichtung).
11:09 Auer: Pénktlechen Depart vum TER 837615 zu Beetebuerg.
11:26 Auer: Arrivée vum TER 837615 zu Diddenuewen.
11:27 Auer: Den Agent circulation 1 vun Diddenuewen mellt dem Zuchmelder vun der Moiesschicht den Depart vum Gidderzuch 45938 (a Géigerichtung).
11:28 Auer: Depart vum Gidderzuch 45938 mat ongeféier 40 Minutte Retard zu Diddenuewen. Den Zuchmelder vun der Moiesschicht leet d'Meldung iwwert den Depart vum Gidderzuch 45938 zu Diddenuewen un de Fuerdéngschtleeder vum PDT (Stellwierk vum Triage) weider.
11:30 Auer: Pénktlechen Depart vum TER 837617 vun der Gare Lëtzebuerg a Richtung Beetebuerg.
11:39 Auer: De Fuerdéngschtleeder vum PDC freet eng RST-Verbindung mam Maschinist vum TER 837617 bei der Permanence.
11:40 Auer: Den TER 837617 hält virum Haaptsignal Dm. D'RST-Verbindung tëscht dem PDC an dem TER steet; de Fuerdéngschtleeder vum PDC fänkt un dem Maschinist vum TER 837617 e schrëftleche Befeel vir d'Laanschtfueren um zouenen (rouden) Haaptsignal Dm ze diktéieren, well en net erkannt huet, datt e Gidderzuch a Géigerichtung ënnerwee ass an denkt, op sengem Stellwierk léich eng Stéierung vir.
11:42 Auer: Enn vun der Dictée vum schrëftleche Befeel. Den TER 837617 fiert weider a Richtung Diddenuewen; de Gidderzuch 45938 ass nach ëmmer op dem selwechte Gleis a Géigerichtung ënnerwee. De Fuerdéngschtleeder vum PDC gëtt vum Fuerdéngschtleeder vum PDT doriwwer informéiert, datt de Gidderzuch nach net am Triage ukomm ass. De Fuerdéngschtleeder vum PDC probéiert d'RST-Zentral erëm ze kontaktéieren, mee d'Leitung ass besat, doropshi freet hien de Weichesteller 1 en RST-Alarm mat Hëllef vun deem dofir geduechte Knäppchen ze lancéieren.
11:43 Auer: De Fuerdéngschtleeder vum PDC versicht nach eng Kéier d'RST-Zentral ze erreechen, mee déi ass nach ëmmer besat. Dowéinst rifft hien d'Permanence (wou d'RST-Zentral steet a bedéngt gëtt) iwwer eng direkt Leitung u fir sech ze renseignéieren op den RST-Alarm funktionéiert huet. D'Permanence informéiert hien datt keen Alarm ofgesat ginn ass a gëtt vum Fuerdéngschtleeder gefrot, dësen auszeléisen.
11:44 Auer: Den Zuchmelder freet den Agent circulation 1 vun Diddenuewen wou de Gidderzuch drun ass. Dësen äntwert, de Gidderzuch misst ongeféier op der Grenz sinn. De Weichesteller 2 probéiert de Stroum aus de Catenairen ze huelen an dréckt op den néidege Knäppchen (dëse wierkt sech allerdéngs just op d'Niewegleiser, net awer op d'Haaptgleiser wéi z. B. och déi a Richtung Diddenuewen, aus).
11:44:27 Auer: Kollisioun. D'Permanence rifft de Régulateur Sous-Stations (deen, dee sech ëm d'Alimentatioun op den Haaptgleiser këmmert) un, a freet hien de Stroum op all den Haaptgleiser auszeschalten, wat dësen direkt mécht.
11:45 Auer: Den Zuchmelder vu Beetebuerg informéiert den Agent circulation 1 vun Diddenuewen iwwer d'Situatioun.
12:05 Auer: De PDC gëtt vum Stellwierk Diddenuewen iwwer d'Kollisioun informéiert.
De Bilan vum Accident war:
Well d'Accident a Frankräich an zu Lëtzebuerg passéiert ass, hunn de Parquet vun Diddenuewen a vu Lëtzebuerg parallel eng Enquête opgemaach, fir ze kläre wie Schold wier.
Den 8. Oktober 2007 huet de Stater Parquet sechs Agente vum CFL wéinst onfräiwëllegem Doudschlag an onfräiwëlleger Kierperverletzung ugeklot. D'Charge géint zwéin Direktiounsbeamte goufen am weidere Verlaf fale gelooss.
An éischter Instanz goufen den 29. Januar 2009 verurteelt:
Ausser dem Weichesteller goungen déi aner dräi an Appell.
Den 23. September 2009 huet de Prozess an zweeter Instanz um Appellatiounshaff ugefaangen. D'Uerteel war dat heiten:
Op der Plaz vum Accident gouf 2009 nieft de Gleiser am Bësch e Monument mat zwéi marber Stäiler opgeriicht, fir un d'Affer z'erënneren.
De 14. Februar 2017 koum et ongeféier 1500 Meter méi nërdlech op der nämmlechter Linn zu enger änlecher Kollisioun.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Zuchaccident zu Diddeleng.
This article uses material from the Wikipedia Lëtzebuergesch article Zuchaccident zu Zoufftgen, which is released under the Creative Commons Attribution-ShareAlike 3.0 license ("CC BY-SA 3.0"); additional terms may apply (view authors). Den Text ass ënner der CC BY-SA 4.0 disponibel wann et net anescht uginn ass. Images, videos and audio are available under their respective licenses.
®Wikipedia is a registered trademark of the Wiki Foundation, Inc. Wiki Lëtzebuergesch (DUHOCTRUNGQUOC.VN) is an independent company and has no affiliation with Wiki Foundation.